Radioen

On air

Tockcity  |  Asake - Only Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Buchkritik: Claude Schmit - "Yeshuah. Une vie de Jésus après sa Crucifixion" (Phi)

Literatur

Buchkritik: Claude Schmit - "Yeshuah. Une vie de Jésus après sa Crucifixion" (Phi)

Den Auteur beschreift e Jesus, deen net um Kräiz gestuerwen ass, inkognito op Roum flücht a fundamental u sech selwer zweiwelt.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Michel Delage

“Loin de chez lui, il se sentait enfin prêt à recommencer. A peine quelques heures dans cette ville et un féroce appétit de vie l’envahissait. Fini de jouer au prophète, de porter des couronnes d’épines et de prêcher l’amour. Il voulait maintenant le vivre, l’amour, humblement. Et parler comme les autres, pour ne rien dire, pour le plaisir, et surtout pas pour donner des leçons. Il est mort, avait constaté le centurion à Golgotha, et il s’était trompé, car Yeshuah était bien vivant, et surtout pas mort pour une bonne cause.”

Datt e gewësse Jesus vun Nazareth existéiert huet ass en historesche Fakt. Datt de Jesus, deen um Kräiz gestuerwen ass, nees operstane soll sinn, ass déi biblesch Versioun, un déi sech zwar all gleewege Chrëscht am Prinzip soll halen - mee et ass net déi plausibelst. Dofir fält et engem schwéier, dem Claude Schmit säi Roman “Yeshuah. Une vie de Jésus après sa Crucifixion” (Éditions Phi) op deem präzise Punkt als kontrafaktesch ze bezeechnen.

De Claude Schmit beschreift e Jesus, deen, no senger Kräizegung schwéier verwonnt, vun de Pharisäer-Cheffen Nicodème a Joseph d’Arimathie gefleegt an inkognito op Roum geschleist gëtt. Wärend sech a senger Heemecht d’Rumeur ëm seng Opersteeung an domat de Christus-Kult verbreet, erlieft de Jong Gottes am Zentrum vum réimesche Räich eng existenziell Kris. Alles wat hie senge Leit bis dohi gepriedegt hat, an domat seng Roll als Messias, gëtt duerch d’Entdeckung vun der heednescher Kultur fundamental a Fro gestallt. 

Markenzeechen

De geléierte Philosoph Claude Schmit huet sech iwwer d’Joren op Romaner spezialiséiert, déi dominant a manner dominant Iddien aus enger bestëmmter historescher Period mat de Mëttele vun der Fiktioun illustréieren a problematiséieren. A sengem “Émile, un enfant des Lumières” (2014) hat hien déi grouss politesch Iddie vun der Opklärung mat den Iwwerreschter vun anti-modernem Gedankegutt konfrontéiert. A “Parfum de chasteté” (2019) waren et géigesätzlech moralesch Opfaassunge vun der fleeschlecher Loscht bannent dem Chrëschtentum. 

Och a sengem neie Roman gräift de Claude Schmit erëm d’Thema vun der Sexualitéit op. 

Dës Kéier stéisst déi streng Sexualmoral vum Juddentum respektivden Ufäng vum Chrëschtentum op déi labber Astellung vun de Réimer a Bezuch op de Kierper als Source vu Pleséier. An de Jesus léisst sech och relativ séier iwwerzeegen:

“Non, la joie du corps n’était pas un péché. Quel erreur de chercher à conquérir le ciel hors de la chair, dans les grandes Écritures, et au-delà! Oui, le Royaume du ciel devait être aussi une foule de petites joies, goûtées au jour le jour.”

Ideologie vun der Nächsteléift kritt e Coup

De Jesus erkennt d’Superioritéit vun de Réimer och an aneren Aspekter vum gesellschaftleche Liewen un, wéi zum Beispill déi quasi Gläichstellung vu Mann a Fra, de Polytheismus, oder den decomplexéierten Ëmgang mat sozialen Ongläichheeten:

“Pas besoin de courir après une pureté énigmatique, pasbesoin de prôner la pauvreté et de mépriser les riches!”

Déi vum Jesus bis dohi gepriedegt Nächsteléift kritt am Roman sécherlech e Coup. D’Gesellschaftsuerdnung, un där de Christus ëmmer méi Gefale fënnt, ass eng radikal individualistesch, déi eng fundamental Ongläichheet tëschent de Mënsche viraussetzt. Sou hält him e réimesche Patrizier entgéint:

“Hm! Tu veux que j’aime mes esclaves (...). Non, par lesblancs genoux des Grâces, celui qui aime la beauté ne peut aimer les déformés.”

Plädoyer fir Pluralismus an Zweedeitegkeet? 

Sinn déi Opfaassungen elo och dem Claude Schmit seng, en Auteur, dee schonn a viregte Romaner duerch kontrovers Iwwerleeungen opgefall war ? Et kéint een et bal mengen, wann ee kuckt, wéi séier säi Personnage dach ëmfält. D’Bekéierung zum Heedentum geschitt schonn zimmlech séier fir e Mann, dee bis dohin am Numm vu sengen Iddie bereet war, extreem moralesch a physesch Péng a Kaf geholl ze huelen, mee virun all den Aspekter vun der réimescher Liewensweis vun enger Sekonn op déi aner an d’Knéie geet...  

Dem Jesus seng Konversioun liest sech an deem Sënn wéi e Manifest. An awer gëtt dee Plädoyer fir de réimesche Liewensstil e bëssen entschäerft, andeems hien eng Lanz brécht fir e Pluralismus vun den Iddien, deen et a senger Kultur esou net gëtt, a fir eng Existenz an der moralescher Grozon : 

“Dommage que mon peuple n’ait pas de pièces de théâtre. Cela m’a l’air bien de montrer différentes opinions. (...) Il manque l’ambiguïté, aussi.”

Narrativ Schwächten a Stäerkten

D’Géintiwwerstellung vun der jüddescher an der heednescher Kultur ass de Kär vum Roman. Mee dee komparative Prinzip ass am Buch séier etabléiert a gëtt systematesch ausgebaut, sou datt d’Handlung net wierklech vum Fleck kënnt – dat ass eng vun de grousse Schwächte vum Roman, nieft der ze schëtzeger Entwécklung vum Jesus.

Zu de Stäerkten ziele sécherlech déi detailléiert Beschreiwunge vum Alldagsliewen, déi et dem Lieser erlaben, sech an eng vergaangen Zäit eranzefillen. Datt en dat gutt kann, hat de Claude Schmit och schonn an anere vu sengen historesche Romaner ënner Beweis gestallt. 

Hien ass bei wäitem net deen éischten Auteur, deen de Personnage vum Jesus literaresch verschafft. Ënner méi rezenten international bekannte Schrëftsteller kann een zum Beispill den Nikos Kazantzakis oder de José Saramago nennen. An awer ass et och hei nees der Wäert, e Jesus a Fleesch a Blutt z’erliewen, e Mënsch ewéi du an ech, deen an d’Zweiwele geréit - vläicht sollt een sech grad dowéinst e Beispill un ëm huelen.

Lauschterenplay_arrow