Radioen

On air

Notturno  |  Q Lazzarus - Goodbye Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ John-Paul Gomez: "The Idiot of St. Benedict and Other Stories"

Buchkritik

John-Paul Gomez: "The Idiot of St. Benedict and Other Stories"

An der Jugend ausgeschloss: kann een deen Trauma als Erwuessene verschaffen? Dem Amerikaner John-Paul Gomez seng sechs Kuerzgeschichte krute beim Nationale Literaturconcours 2022 den éischte Präis. Eng Kritik vum Michel Delage.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Michel Delage

 “You are truly starting to believe that the here-now of the monastery is in fact a sort of dream while the there-then of the year of our Lord two thousand and something is real.”

Short stories hunn an der US-Literatur eng fest etabléiert Traditioun, laanscht déi am Prinzip keen amerikanesche Student kënnt. Sou verwonnert et net, datt een am John-Paul Gomez senge Geschichte verschidde Charakteristike vu Meeschtere vun der kuerzer Erzielung erkennt. Zum Beispill engem Ambrose Bierce säin Hang zum erstaunlechen Twist um Enn, deen sech mëttlerweil zu engem formale Clichéë verfestegt huet.

Enger méi breeder Ëffentlechkeet war den John-Paul Gomez bis elo vläicht indirekt bekannt als Auteur vum englesch-sproochege satiresche Blog Luxembourg Wurst (“Small Country has big Coque”). An engem eeschte Journalisten-Englesch zu humoristeschen Zwecker un absurden Iddie spannen (“Immigrant turns into expat after going out for brunch”), domat huet den John-Paul Gomez zanter 2017 mat senge satireschen Online-Artikelen Erfarung gesammelt. Spuere vun deem Stil gëtt et nach an der ganz kuerzer Geschicht “Can somebody help us, please?” iwwer eng kollektiv Amnesie, déi sech wéi eng Epidemie schéngt ze verbreeden.

Outsider

De Recueil "The Idiot of St. Benedict and Other Stories" ass dem Gomez seng éischt literaresch Publikatioun hei zu Lëtzebuerg. Am Gros vu senge Kuerzgeschichte verschafft den Auteur a literarescher Prosa batter Erliefnesser, déi besonnesch an der Kandheet a Jugend wuerzelen. Et ass d’Gefill, deemools net dozou gehéiert zu hunn, ausgestouss ginn ze sinn, quasi als Statist vun aneren hire Liewe missten duerzehalen.

An dann de Versuch, als erwuesse Persoun mat dësem Trauma eens ze ginn. Sief et, andeems een nodréiglech ustrieft, dach nach Member vum fréiere Grupp vun Auserwielten ze ginn, op déi een esou duuschtereg eropgekuckt hat (“The Stand-in”). Sief et, andeems een sech fir déi erlidde Schmot wëll rächen (“Mickey”). Béid Haltungen erweise sech als illusoresch. Wat vergaangen ass, ass net méi zougänglech – iwwreg bleiwe just oppe Wonnen.

Decalagen

Als Individuum ass een och net méi dee selwechten. Dësen zäitlechen Decalage weist zum Beispill déi dystopesch Handlung vun “A product of breeding”, wou mënschlech Gefiller allgemeng als Schwächt, als Pathologie (“gross emotional attachment disorder) wann net als Relikt aus engem fréieren Entwécklungsstadium disqualifizéiert ginn.

Dem Individuum säi radikaalt Entfrieme géigeniwwer sengem Ëmfeld setzt den Auteur via eng Zäitrees an der éischter Erzielung vun der Sammlung, der Titelgeschicht “The Idiot of St. Benedict” an Zeen. Am Héichmëttelalter lant den Haaptprotagonist an enger flamännescher Abtei a versteet d’Sprooch net, déi ronderëm hie geschwat gëtt: hie gëllt als Ignorant, also, am etymologesche Sënn vum Wuert, als Idiot. Datt hie vum Erzieler respektiv vun sech selwer als “you” ugeriet gëtt, weist, datt ee sech selwer friem ass.

D’Handlung vun dëser Kuerzgeschicht kéint een als Metapher vun der traumatescher Kandheet a Jugend liesen, déi den John-Paul Gomez an anere Geschichte méi konkret behandelt, dat heescht entschlësselt. Den Erwuessenenalter manifestéiert sech dogéint a Form vun engem vagen Dram iwwer eng Zukunft, déi e knappt Joerdausend méi spéit läit. Eng Zukunft, an där sech ëmmerhin d’Potential, déi an der Persoun ugeluecht war, kann entfalen.

Dystopie

Am pessimisteschen Zukunftszeenario vun “Twice daily, at 8 a.m. and Noon” ass d’Mënschheet an zwee gespléckt: een total passiivt Publikum (“they”) stinn op enger Bün Schauspiller géigeniwwer: d'Acteure sinn dozou verdaamt, fir hir stomm Spectateuren ëmmer erëm déi selwecht memorabel Evenementer aus der Vergaangenheet nozespillen.

Eng absurd Situatioun, déi un dem amerikaneschen Essayist Neil Postman seng Prophezeiungen aus “Amusing ourselves to death” erënneren, an déi den John-Paul Gomez mat enger liichter Variatioun op e berüümte Shakespeare-Zitat op de Punkt bréngt.

“It’s been said that all the world’s a stage and all the people are players.”

Traumateschen Erfarungen e Sënn ginn andeems een se verfriemt, verzerrt, verkläert, an d’Absurd kéiert. Dem Jean-Paul Gomez seng literaresch Strategie geet op. Seng Genre-iwwergräifend Geschichten (Science-Fiction, Realismus) si spannend, interessant a flësseg erzielt, woubäi den Auteur eng breet stilistesch Palette beherrscht.

Lauschterenplay_arrow