Radioen

On air

Tockcity  |  Sinkane - We Belong Feat. Stout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ C'est Karma: Endlech houfreg sinn op déi eege Musik

Eurosonic Festival 2024

C'est Karma: Endlech houfreg sinn op déi eege Musik

C’est Karma huet dësen Donneschdeg um Eurosonic Festival gespillt, op Invitatioun vum radio 100,7. Hiren Optrëtt am legendäre Club “Vera” zu Groningen war virun engem schwierege Publikum, deen och bei rouege Momenter vill Kaméidi gemaach huet. Trotzdeem huet d’Musekerin hire Programm konsequent duerchgezunn.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
C'est Karma bei hirem Optrëtt um Eurosonic Festival. (Foto: Yves Stephany)

Um Concert huet si eng breet musikalesch Bandbreet gewisen, vu Fado-Pop op Portugisesch iwwer delikat franséisch Chanson, bis bei Hyper-Pop Bangers.

Nom Concert hu mir mat enger Rëtsch Leit aus dem Publikum geschwat. Gelueft gouf virun allem hir Presenz op der Bün, d’Produktioun vun de Lidder, de Songwriting an dat neit Bünebild. Kritik gouf et awer um Asaz vum Auto-Tune Effekt op der Karma hirer Stëmm.

Ee Projet mat enger klorer artistescher Visioun

Och wann net jidderee komplett iwwerzeegt war vun hirem Optrëtt, C’est Karma léisst kee kal. D’Musekerin wëll kee Mëttelmooss, si wëll beréieren a wëll net ëm all Präis jidderengem gefalen. Si huet eng kloer artistesch Visioun fir hire Projet.

Zanter e puer Joer scho wëllen d'Organisateure vum Eurosonic Festival C'est Karma buchen. Awer eréischt elo fillt d'Lëtzebuerger Musekerin sech prett fir dës eemoleg Opportunitéit. Si hätt vill Zäit investéiert, fir de Projet sou ze entwéckelen, datt Si zu honnert Prozent zefridde mat allem wier.

C'est Karma bei hirem Optrëtt um Festival. | © Jamie Reinert
C'est Karma bei hirem Optrëtt um Festival. (Foto: Jamie Reinert)

Endlech houfreg a selbstsécher

C'est Karma hofft, datt 2024 een entscheedend Joer fir hir Karriär gëtt. Si géif sech erwuesse fillen, seet d'Kënschtlerin.

"Ech hu jo ganz jonk ugefaangen, an ech mierken, wéi verschidde Prozesser sech einfach anescht ufillen, well ech ebe leider erwuesse ginn."

Si wier awer och vill méi selbstsécher an houfreg op dat, wat si mécht. Dat wier hir fréier schwéier gefall.

Och den Eurovision Song Contest hätt si als Iddi ugezunn, seet d'Karma Catena. Si hätt sech gemellt gehat, a wier och weider komm. Um Enn hätt si awer entscheet, dee Schratt net ze goen.

"Well - ech mengen - d'Circonstancen net mengem Standard entspriechen, wéi ech als Artistin wëll do stoen."

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by C'est Karma (@cestkarma)

D'Musik als een Doheem

"Ech probéieren am Moment duerch meng Musek e gewëssent Gefill vun doheem ze kreéieren", seet d'Karma Catena, déi zanter dräi Joer zu Amsterdam lieft.

"An enger Welt, déi oft chaotesch an iwwerfuerderend ka sinn, ass et mir ëmmer méi wichteg ginn, eppes ze hunn, wat ech mäin Doheem kann nennen. Ech hoffen, datt meng Musek dat och erëmspigele kann."

Dëst Joer wäert C'est Karma een éischten Album erausbréngen. Op deem wäert d'Notioun vum Doheemsinn eng zentral Roll spillen.

"Et geet ganz vill ëm d'Konzept vun Haiser a Mënschen, déi mech beweegen."

De ganzen Interviewplay_arrow

 

Musek
Concert
Nei Musek