Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - Mr. P.C.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ C’est Karma zu Groningen

Showcase Festival

C’est Karma zu Groningen

De 17. bis den 20. Januar ass de Eurosonic Showcase Festival zu Groningen. All Joer halen d’Organisateuren eng Bün fir d’Zäit vun engem Concert fräi fir eng Lëtzebuergesch Musekerin oder Museker. De kommende Januar geet C’est Karma op Groningen, op Recommandatioun vum Radio 100,7.

auto_stories

1 min

headphones

55 min

play_arrow

D’Karma Catena huet mat 15 Joer ugefaange Musek ze maachen, mat just hirer Gittar an hirer Stëmm. Et konnt een hire Werdegang duerch d’Concerten an d’Releases novollzéien, vun der Lidderschreiwerin zur ausgewuessener Alternativ-Pop-Musekerin. Och hir Themen hunn evoluéiert, mee si sinn nach ëmmer sou no un hir selwer wéi der Tracey Emin hirt Bett.

Album ënnerwee

No engem Showcase zu Hamburg um Reeperbahn-Festival, dee vun hirer Management-Firma Backseat am “Grüner Jäger” konnt décrochéiert ginn, huet d’Karma zu Wolz op der Nuit des Lampions gespillt. Am Januar sti schonn zwee Concerten an Däitschland un, un déi sech de Eurosonic-Optrëtt uschléisse wäert.

Weider Kontakter, interessant Renconteren, hire Public auswäiten: d’Ziler vun der jonker Musekerin si kloer, an en neien Album soll an der éischter Hallschent 2024 erauskommen. Opgeholl ass e schonn.

Lauschterenplay_arrow