D‘nächst Woch soll dann den CDU-Chef Friedrich Merz als neie Bundeskanzler am Bundestag gewielt ginn. D‘Uniounsparteien hunn um Méindeg hir nei Regierungsequipe presentéiert. Vill Nimm ware schonn an de leschten Deeg zirkuléiert: Neien Ausseminister gëtt den éischter onbekannten CDU-Politiker Johann Wadephul, den Alexander Dobrindt vun der CSU gëtt Inneminister, d’Katherina Reiche Wirtschaftsministesch an den CDU-Deputéierten aus Rheinland-Pfalz, Patrick Schnieder, soll Verkéiersminister ginn.
Eng grouss Iwwerraschung ass de Minister fir Digitaliséierung a Staatsmoderniséierung – e Ministère deen nei geschaf gouf – dee soll de Chef vu Ceconomy, de Mammekonzern vu MediaMarkt a Saturn, de Karsten Wildberger, iwwerhuelen.