Radioen

On air

Mixtape  |  Baden, Trinken, Fasten

play_arrow Live
search

/ CDU stëmmt de Koalitiounsaccord 

No der CSU 

CDU stëmmt de Koalitiounsaccord 

Op engem klenge Parteidag zu Berlin, hunn d‘Delegéiert vun der CDU den 144 Säiten décken Accord ugeholl. Elo feelt nëmmen nach d‘SPD, déi hir ronn 358.000 Memberen nach bis den Dënschdegowend decidéiere léisst. 

auto_stories

1 min

CDU Parteitag 28.04.2025 | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
CDU Parteitag 28.04.2025 (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

D‘nächst Woch soll dann den CDU-Chef Friedrich Merz als neie Bundeskanzler am Bundestag gewielt ginn. D‘Uniounsparteien hunn um Méindeg hir nei Regierungsequipe presentéiert. Vill Nimm ware schonn an de leschten Deeg zirkuléiert: Neien Ausseminister gëtt den éischter onbekannten CDU-Politiker Johann Wadephul, den Alexander Dobrindt vun der CSU gëtt Inneminister, d’Katherina Reiche Wirtschaftsministesch an den CDU-Deputéierten aus Rheinland-Pfalz, Patrick Schnieder, soll Verkéiersminister ginn.

Eng grouss Iwwerraschung ass de Minister fir Digitaliséierung a Staatsmoderniséierung – e Ministère deen nei geschaf gouf – dee soll de Chef vu Ceconomy, de Mammekonzern vu MediaMarkt a Saturn, de Karsten Wildberger, iwwerhuelen.