search

/ Caddie, de bekannte Produzent vun Akafsween, mécht Faillite

Frankräich

|
reading time

1 min

Caddie, de bekannte Produzent vun Akafsween, mécht Faillite

D’Handelsgeriicht vu Saverne am Elsass sprécht um Dënschdegnomëtten d’Faillite vu Caddie. Dat ass de Produzent vun de bekannten Akafsween fir de Supermarché.

reading time

1 min

Caddie | © Wikimedia Commons
Caddie (Foto: Wikimedia Commons)

Et wier keng viabel Solutioun fonnt ginn, fir d’Firma ze iwwerhuelen, huet et geheescht. 

Um Enn huet d’Entreprise nach eng 110 Leit beschäftegt, huet awer ze vill Scholden.