Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chambre de Commerce: Fernand Ernster ass Éischtgewielten am Grupp 1

Sozialwalen

Chambre de Commerce: Fernand Ernster ass Éischtgewielten am Grupp 1

Déi 25 Membere vun der Assemblée plénière vun der Chambre de Commerce stinn elo komplett fest. Haut goufen d’Resultater vun de Walen am Grupp 1 “Commerce et autres activités commerciales” verëffentlecht. Déi meeschte Stëmmen an dësem Grupp mat am ganzen 8 Sëtz huet de Geschäftsmann an aktuelle President vun der Chambre de Commerce Fernand Ernster kritt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Den aktuelle President vun der Handelskammer, Fernand Ernster, geet als Éischtgewielten aus de Wale fir de Grupp 1 ervir.

Nëmme staark a gutt Federatioune kënnen eng staark Chambre de Commerce bilden. Där Iwwerzeegung ass de Fernand Ernster. D’Wieler hätten deem Rechnung gedroen, seet hien an enger éischter Reaktioun.

"Ech sinn éischtens mol frou, datt déi Walen esou ausgaange sinn. Datt eigentlech awer déi Haaptfederatioun, déi do eng Lëscht opgestallt hat, och déi Leit era krut, déi se wollt era kréien."

De Fernand Ernster wëll President vun der Handelskammer bleiwen

Als Éischtgewielten am Grupp vum Commerce wier et awer net automatesch esou, datt hie President vun der Handelskammer misst bleiwen, seet de Fernand Ernster, deen zënter gutt engem Joer op dësem Posten ass.

"Ech hunn dee Rôle jo geholl, well ech laang Vizepresident war, a well de Luc Frieden als President – wéi hie sech decidéiert huet, erëm ezréck an d’Politik ze goen - dee Stull fräi gemaach huet."

De Fernand Ernster mécht awer och däitlech, datt hie wëlles huet, weiderhi President vun der Chambre de Commerce ze bleiwen.

"Et ass awer esou, datt ech an deem Joer jo geléiert hunn, wat den Ëmfang vun där ganzer Missioun an der Chamber de Commerce ass a wéi wichteg eigentlech dat Organ och fir onst Land ass, sou datt ech warscheinlech awer wäert Kandidat si fir dee Posten."

Eng historesch Wal

Am Fall, wou de 64 Joer ale Fernand Ernster als President erëm gewielt gëtt, wëllt hien d’Mandat vu fënnef Joer och fäerdeg maachen.

"Jo, dat hat ech mol op alle Fall wëlles, wa meng Gesondheet dat matmécht, da steet deem – mengen ech – näischt am Wee."

Den neie President vun der Chambre de Commerce wäert a gutt engem Mount gewielt ginn. D’Vollversammlung kënnt den 30. Abrëll eng éischte Kéier an der neier Zesummesetzung beieneen.

An et war iwwregens déi éischte Kéier zënter engem Véierelsjoerhonnert, datt bei der Chambre de Commerce iwwerhaapt huet musse gewielt ginn. Am Grupp Commerce – engem vun am ganze sechs Gruppen – goufen et dëst Joer méi Kandidate wéi Sëtz.

Lauschterenplay_arrow


Résultats du scrutin groupe 1: Commerce, et autres activités commerciales non spécialement dénommées, 8 sièges

  Nom
Prénom
Dénomination sociale
/ raison sociale
Nombre de voix obtenues
1 ERNSTER Fernand ERNSTER S.à.r.l. 263
2 GOERES Robert GOERES HORLOGERIE S.à.r.l. 239
3 WELTER Marianne ARTHUR 230
4 SCHONCKERT Laurent CACTUS S.A. 228
5 MULLER Carole AN DER BACKES S.à.r.l. 224
6 SALES Jos SLA S.A. 175
7 FEDERSPIEL Carine ZITHASENIOR S.A 147
8 ZAHLEN-KARANATSIOS Georges AXIOMATIC S.à.r.l. 130

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen
Wirtschaft