Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Päischtweekend 2024 ass och de 47. internationale Muséesdag. Zu Lëtzebuerg bedeelegen sech 37 „Musen-Tempelen“.

play_arrow Live
search

/ Chambre de commerce begréisst Baisse vun der Betriibssteier

Betriibssteier

Chambre de commerce begréisst Baisse vun der Betriibssteier

D’Baisse vun der Betribssteier ëm ee Prozentpunkt vun 2025 gëtt ausdrécklech vun der Chambre de commerce begréisst. De Finanzminister hat ugekënnegt datt, dat een éischte Schratt wier. De Generaldirekter vun der Handelskammer Carlo Thelen betount, datt Lëtzebuerg am Verglach mat anere Länner riskéiert u Kompetitivitéit ze verléieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Et gëtt gehofft datt dono d’Betribssteier nach eng Kéier erofgesat gëtt. Aktuell wiere Lëtzebuerg bei der Betribsbesteierung am Ranking éischter am leschten Drëttel. Et misst een nees fiskal gesi méi attraktiv gi fir d’Betriber betount de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.

Weider Schrëtt ginn erwaart

Et wier kloer datt een dat net kéint an engem Schratt maachen, dofir wier d’Annonce vum Finanzminister schonn ee positiivt Zeeche. Et géif ee sech och weider Schrëtt erwaarden.

„An dann hoffe mer effektiv, datt bei de Betriber selwer nach een oder en anere Prozentpunkt eng Kéier kann dobäikommen, well och mat engem Prozent si mer nach net an deem europäesche Mëttelfeld dran.“

Als kleng an oppe Wirtschaft misst een ëmmer déi bescht Positioun viséieren, well ee soss riskéiert un Attraktivitéit ze verléieren.

Suen net mat der Géisskan verdeelen

De Finanzminister hat an enger Chamberkommissioun präziséiert, datt déi Baisse, vun engem Prozentpunkt ee Minus vun 100 Milliounen Euro u Recettë géing ausmaachen. De Carlo Thelen mengt awer datt een duerch nei Aktivitéiten, déi Perte kann ausgläichen.

A wat de Budgetären Defizit ugeet esou mengt de Carlo Thelen, misst opgehale gi mat der Géisskan d’Suen ze verdeelen, et misst ee méi geziilt handelen.

„Déi Hëllefe sollen alleguer cibléiert sinn. Mir sinn net derfir, datt soll generell fir d'Leit, fir d’Betriber am Allgemengen an der Gesellschaft, de Staat, fir alles muss Sue mam Arrosoir verdeelen, dat soll schonn alles cibléiert sinn, dat soll een Incentif sinn, fir eng Aktivitéit unzefänken.“

Spuer Potential beim Staat géif et ginn, seet den Carlo Thelen, dëst am Kontext vun der Digitaliséierung, wou een och d’Prozedure ka vereinfachen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft