Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Champignone sammelen - Op wat muss een oppassen?

Den Hallwer Néng

Champignone sammelen - Op wat muss een oppassen?

D'Saison fir Champignonen ze sammelen ass jo nach net eriwwer, dat hunn de Jerry Thorn an de Mike Clemens vum Groupe de Recherche Mycologique de Mueren hei op der Antenn gesot. Fir gutt ze wuessen, hunn d'Champignone gären e waarmt a fiicht Klima ouni Frascht an der Nuecht.

auto_stories

1 min

headphones

20 min

play_arrow
De Mike Clemens an de Jerry Thorn. (Foto: Tessy Steffen Koenig)

Dës Woch ass an deem Sënn also nach ideal fir sech op d'Sich ze maachen. Eigentlech sammele mir guer net de Champignon selwer mee de Fruuchtkierper. De Champignon selwer ass d’Mycel, déi laang wäiss Fiedem déi am Buedem wuessen, erkläert de Mike Clemens. 

Maximal dierf ee pro Persoun pro Dag ee Kilo Champignone mat Heem huelen. D'Lëscht vun deene Champignonen, déi zënter Januar 2010 un erlaabt sinn hei am Land ze sammelen, fënnt een och um Site vum Groupe de Recherche Mycologique op grm.lu.

Wann ee Champignone mat Heem hëlt fir se ze kachen, muss ee sech wierklech sécher sinn, datt se net gëfteg sinn. Wann ee sech net ganz sécher ass, léiwer stoe loossen. D’Champignon-Experten, Jerry Thorn a Mike Clemens erklären, op wat een alles oppasse muss, wann ee sammele geet.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wëssenschaft
Ëmwelt