China annoncéiert dann och eng Rei Mesurë fir d‘Wirtschaft unzekuerbelen a fir op den Handelssträit mat den USA ze reagéieren. Ënner anerem reduzéiert déi chineesesch Zentralbank hire Leetzëns ëm 0,1 Prozentpunkt, op dann nach 1,4 Prozent. Och den Zënstaux fir d‘Reserve geet erof. Dat mam Zil, datt d‘Banke méi Geld hu fir Kreditter ze verginn. Weider ginn d‘Zënsen op Immobilieprête reduzéiert, fir Leit, déi hir éischt Wunneng a China kafen.
Eischt Gespréicher tëschent USA a China
Et ginn Zeechen, datt déi héich Douanestaxen, déi den Donald Trump fir chineeseschen Importer ageféiert huet, d‘Wirtschaft a China negativ beaflossen. D‘Exporter aus China an d‘USA hätte schonn däitlech ofgeholl, esou chineesesch Medien.
An deem Kontext sinn dës Woch an der Schwäiz fir d‘éischte Kéier Gespréicher tëschent den USA a China op héijem Niveau geplangt. Dat huet déi amerikanesch Regierung matgedeelt. Déi zwou gréisst Ekonomien op der Welt wäerte versichen, den Handelskrich ze deeskaléieren. Washington schéckt de Finanzminister Scott Bessent an den Handelsbeoptraagte Jamieson Greer dohin. China wäert ënner anerem duerch de Vizepremier He Lifeng vertruede sinn.
Den Handelskrich gouf ausgeléist nodeems den US President Donald Trump Douanestaxe vun 145 Prozent op chineeseschen Importer an d‘USA ageféiert huet. China huet mat Géigentaxe vun 125% op US Importer reagéiert.