Radioen

On air

Trendscheif  |  Cornelius - Sketch For Spring

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Chômagetaux am Mäerz läit bei 5,6 Prozent

ADEM

De Chômagetaux am Mäerz läit bei 5,6 Prozent

De Chômagetaux loung am Mäerz hei am Land bei 5,6 Prozent. Op den 31. Mäerz waren deemno 17.654 Leit bei der ADEM ageschriwwen. Dat ass e Plus vun 1,5 Prozent par rapport zum Mäerz vum Joer virdrun.

auto_stories

1 min

62 Aschreiwunge betreffen ukrainesch Persoune mat Flüchtlingsstatut zu Lëtzebuerg. 

D‘Zuel vun de Leit, déi Chômage bezéien, beleeft sech op eppes iwwer 10.000. Dat ass e Plus vu 24,5 Prozent par rapport zum Mäerz vum leschte Joer. D‘Employeuren hirersäits hunn am Mäerz 3.133 fräi Plaze gemellt.