Radioen

On air

Nei Musek  |  Zwou monumental Sinfonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chrëschtdeeg an Alkohol: Tëscht Festlechkeet a Risiko

Gesellschaft

Chrëschtdeeg an Alkohol: Tëscht Festlechkeet a Risiko

Iwwer d’Feierdeeg gëtt gäre mol e Patt gedronk. Mee wéini kann Alkohol zum Problem ginn? Wat sinn d’Unzeechen, a wéi kann ee Familljememberen oder Frënn op dat eventuellt problematescht Verhalen uschwätzen?

auto_stories

4 min

headphones

22 min

play_arrow
Foto: Bigstock / Mahsumov

Alkohol gehéiert zu Lëtzebuerg an eisen Nopeschlänner als Genossmëttel souzesoen zur Kultur, seet d'Dokter Claude Besenius.

Et gi weltwäit dräi verschidden Drénkkulturen, sou d'Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng: Déi an deene keen Alkohol gedronk gëtt, zum Beispill (an der Reegel) an arabesche Länner. Da ginn et awer och Kulturen an deenen Alkohol éischter a Moosse gedronk gëtt, dozou ziele Spuenien, Italien a Griicheland. Et gëtt awer och Länner an deenen et der Expertin no eng "gestéiert Drénkkultur" gëtt. D'Claude Besenius zielt Länner wéi Frankräich, Däitschland an och Lëtzebuerg do derzou. Zu Lëtzebuerg wier et quasi normal an akzeptéiert vill ze drénken a voll ze sinn. A méi nërdleche Länner géif och vill gedronk ginn, virun allem vill schaarfen Alkohol.

Déi verschidde Wierkunge vum Alkohol

De Stoff Alkohol huet zwou Haapt-Wierkungen: en enthemmt, sou datt ee manner schei ka ginn a méi fräi am Ëmgang mat anere Leit an e ka relaxéieren, d'Stéchwuert ass hei de Feierowendpatt. Iwwer de Wee vun der Relaxatioun ka sech awer och e problemateschen Ëmgang mam Alkohol bilden, nämlech dann, wann déi eng Fläsch Béier owes nom schaffen net méi duer geet an een ëmmer méi muss drénke fir de selwechten Effekt ze hunn.

D'Claude Besenius ass Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng | © Chris Zeien
D'Claude Besenius ass Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng (Foto: Chris Zeien)

Wou fänkt e problematesche Konsum un?

Der Weltgesondheetsorganisatioun no gëtt et iwwregens keen Alkoholkonsum ouni Risiko.

D'Claude Besenius gëtt als Unhaltspunkt fir een onproblematesche Konsum maximal zwee kleng Glieser Wäin, oder beispillsweis ee Béier pro Dag. Et sollt een awer och wéinstens een oder zwee Deeg an der Woch näischt drénken. Alles doriwwer eraus, geet an d'Richtung vun engem problematesche Konsum.

Vun enger Alkohol-Ofhängegkeet schwätzt een, wa vu sechs Krittären der dräi erfëllt sinn:

  • Craving, den Drock oder Zwang fir mussen ze drénken
  • Tolereanzentwécklung
  • Entzuchssymptomer
  • Kontrollverloscht
  • Weider drénken trotz negative Konsequenze fir d'Famill oder d'Aarbecht zum Beispill
  • Kengen aneren Aktivitéiten oder Hobbye méi nogeon

Wéi mat problemateschem Alkoholkonsum ëmgoen?

Et kéint een och selwer gesinn, wa Leit ufänken e Probleem mam Alkohol ze hunn. Leit déi bei all Ronn matdrénken, aggressiv oder immens traureg ginn, wa se drénken, oder déi ni näischt drénken, déi ni Chauffeur sinn, oder voll fueren.

Wann ee mierkt, datt eng Persoun e problemateschen Ëmgang mat Alkohol kéint hunn, da kann ee se drop uschwätzen an Hëllef ubidden, ouni sech opzedrängen, sou d‘Claude Besenius.

Wann ee bei sech selwer mierkt, datt een e Probleem mam Alkohol kéint hunn, da recommandéiert d'Dokter Claude Besenius, datt ee probéiert abstinent ze bleiwen, sech eventuell professionell Hëllef sicht an och probéiert vu Plaze fort ze bleiwen, déi een zum drénke kéinten animéieren.

Wichteg wier och een Ëmdenke bäim Ëmfeld: Eng Persoun déi näischt wëllt drénken, muss sech zum Beispill net erklären. Eng Fra déi näischt wëllt drénken, sollt een och net direkt froen, ob se schwanger ass.

Gedrénks ouni Alkohol an dry january

Alkoholfräit Gedrénks wier eng gutt Alternativ fir Leit, déi en normaalt Konsummuster hunn, well se eng Alternativ hunn. Fir Leit mat engem Probleem kéinte se problematesch sinn, well hiert Suchtgedächtnis doduerch getriggert ka ginn, sou d'Claude Besenius.

Initiative wéi den "dry january" wieren hëllefräich fir säin eegene Konsum eng Kéier ze iwwerdenken, manner ze drénken oder souguer eng Paus ze maachen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft