Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Strasser: D'Post huet 2023 ee "remarkabelt" Resultat gemaach

Een Ëmsaz vun 969 Milliounen Euro

Claude Strasser: D'Post huet 2023 ee "remarkabelt" Resultat gemaach

D’Post huet zejoert een Ëmsaz vun 969 Milliounen Euro gemaach. Dat entsprécht engem Plus vun 8,3 Prozent par rapport zu 2022, wéi et op der Presentatioun vum Joresrapport 2023 geheescht huet. Dat wier net ofzegesi gewiescht, wéi de Budget fir d’lescht Joer opgestallt gouf.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Claude Strasser | © Post Luxembourg play_arrow
Foto: Post Luxembourg

2023 war e Krisejoer, huet de Serge Allegrezza, President vum Verwaltungsrot vun der Post, betount, mee d’Resultat war, virun deem Hannergrond, gutt.

“De Chiffre d’affaires ass ëm 8,3 Prozent eropgaangen, a wann een d’Inflatioun kuckt vun 3,7, dann heescht dat, datt de Chiffre d’affaires vun der Post, en volume, ëm 4,6 Prozent eropgaangen ass.“

Héich awer och Réckleefeg Investissementer

De Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post, war virun allem frou, datt den Ëmsaz queesch duerch d’Métieren Telekom, Post a Finanze souwéi duerch d’Filialen zustane koum.

Beim Nettobenefice, wou et e Plus vu 26 Milliounen Euro am Verglach mam Joer virdru gouf, hätt ee souguer dat bescht Resultat zanter enger Rëtsch Joren ze verzeechnen.

D’Investissementer wiere weider héich, wann och réckleefeg, mat engem Minus vun 30 Milliounen. A propos réckleefeg: Um Wee no ënne wär weiderhin de klasseschen Telefon:

“Déi gutt Nouvelle ass: Iergendwann eng Kéier steet do keng Minuszuel méi, well da si mer op Null. Dann hu mer keng Revenue méi vun der Voie fixe.”

Post gëtt ëmmer méi eng IT-Firma

De Plus vu 15 Prozent am ICT-Beräich géif maachen, datt d’Post ëmmer méi eng IT-Firma géif ginn.

“Dat ass eng Realitéit, well eis klassesch residentiell Cliente brauchen eis och fir déi normal Telefonsservicer, mobil a fixe. Déi professionell Clienten di sech ëmmer méi schwéier, fir dat vuneneen ze trennen.”

Zukunft vun de Bréiwer ongewëss

Am Beräich Finanzen da wär d’Evolutioun och net verwonnerlech. Ëmmer méi Leit géifen E-Banking benotzen an ëmmer manner Leit kéimen op de Guichet.

Am Beräich Courrier wären d’Nouvellë manner gutt, virun allem bei de Bréiwer. Do wiere bal 10 Millioune manner Bréiwer verschéckt gi wéi dat Joer virdrun. Dat wiere 6 Prozent.

D’Zukunft op deem Gebitt wier schwiereg, am Géigesaz zu deem vun de Päck.

 

 

Aktualitéit
Wirtschaft