Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Céu & anaiis - Gerando na Alta

play_arrow Live
search

/ Claude Wiseler: Keng Demande fir ëffentlech Debatten an der Chamber virun EU-Sommeten

CHAMBERPRESIDENT OP BESUCH AM EUROPAPARLAMENT

Claude Wiseler: Keng Demande fir ëffentlech Debatten an der Chamber virun EU-Sommeten

De Chamberpresident wëll sech dofir asetzen, datt d‘Lëtzebuerger Parlament EU-Sujete méi enk suivéiert. De Claude Wiseler ass awer retizent wann et drëm geet, fir méi Transparenz duerch ëffentlech Debatten an der Plenière virun den EU-Sommeten ze suergen.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

play_arrow
De Claude Wiseler gouf vun der Roberta Metsola empfaangen. (Foto: European Parliament)

An der Chamber soll de Suivi vun den europäeschen Dossieren an Zukunft besser gemaach ginn, dat wënscht sech hire President, de Claude Wiseler.

EU-Sujete méi systematesch ugoen

Eng extra parlamentaresch Kommissioun fir Europa soll dobäi hëllefen.

"Do geet et drëm ze organiséieren, sou fréi ewéi méiglech d’Informatioune kréien, an enger Etapp wou am Fong déi legislativ Prozedur am Europaparlament nach net ofgeschloss ass."

Sou den CSV-Politiker am Gespréich hei zu Bréissel no senger Entrevue mat der Parlamentspresidentin Roberta Metsola.

Déi deels komplizéiert an oniwwersiichtlech EU-Dossiere sollen duerch d’Aarbecht vun där Kommissioun méi no un d’Deputéiert erubruecht ginn. Eppes, wat scho méi dacks am Gespréich war. Elo awer soll dat méi systematesch organiséiert ginn.

Lëtzebuerger Europadeputéiert froen Debatten an der Plenière

Bei de Lëtzebuerger Europadeputéierte stéisst de Chamberpresident op oppen Oueren. Wichteg wieren och eng ëffentlech Debatten an der Chamber, sou de Charles Goerens vun der DP.

"Vu datt d’Regierung ënnert dem Contrôle vun der Chamber steet, géing ech et ganz normal fannen, datt d’Chamber och hire Contrôle exerzéiert, iwwer Saachen déi enorm wichteg si fir d’Land, quitte datt déi zu Bréissel oder soss anzwousch decidéiert ginn."

De Premier Luc Frieden war virum leschte Sommet an der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber. Dat gouf begréisst. Hie sollt sech awer och dem Débat an der Chamber stellen, seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, sou wéi dat zum Beispill an Däitschland üblech ass.

"Iwwer dee Wee huet een Tracë vun deenen Debaten. Et huet een Engagementer, déi am Virfeld kënne geholl ginn. Froen, déi am Virfeld kenne gekläert ginn. Dat heescht alles, wat méi Transparenz fërdert, géing ech ganz begréissenswäert fannen."

Besonnesch elo am Virfeld vun den Europawalen. De Charles Goerens ass iwwerdeems iwwerzeegt, datt "dat zu Lëtzebuerg méiglech wier, wann d’Chamber den néidegen Drock géif maachen, da mengen ech bräicht d’Regierung net schrecklech iwwerzeegt ze ginn."

De Chamberspresident Claude Wiseler war op Besuch bei der Parlamentspresidentin Roberta Metsola. | © European Parliament
De Chamberspresident Claude Wiseler war op Besuch bei der Parlamentspresidentin Roberta Metsola. (Foto: European Parliament)

Claude Wiseler dofir, der Regierung Spillraum ze ginn

De Chamberpresident awer wénkt hei ganz kloer of. Net all Diskussioun tëscht Premier oder Minister an Deputéiert géif op d’Place publique gehéieren. An d’Regierung dierft sech och net vun der Chamber hir Positiounen op europäeschem Plang virschreiwe loossen

„Wann ee keng Fräiheet huet oder ee ganz strikte Mandat vun engem Parlament, da fannen ech dat problematesch. Ech sinn do relativ retizent. Ech wëll, datt d’Regierung eng Negociatiouns-Marge de Maneuvre huet. Mee ech wëll awer dann och dono, datt d’Regierung der Chamber och Explikatiounen doriwwer gëtt iwwer de Firwat a wéi eng Decisioune si geholl huet.“

Eng ëffentlech Debatt am Virfeld virun engem Sommet mam Premier wier deemno net geplangt.

„Et ass also net envisagéiert, esou wéi an Däitschland virun all Conseil eng gréisser Debatt ze maachen. Et ass och momentan zu Lëtzebuerg am Parlament keng Nofro direkt esou dofir do.“ 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.