Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Conclusiounen aus dem MUDAM-Rapport sollen an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert ginn

Berodungsfirma proposéiert Reform vu Gouvernance

Conclusiounen aus dem MUDAM-Rapport sollen an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert ginn

De President vun der Chamber-Kulturkommissioun André Bauler well nach virun Enn des Mounts mam Kulturminister iwwert d’Conclusioune vum Mudam-Rapport an der Kommissioun diskutéieren. Bis dohi wëll den DP-Deputéierten sech eegenen Aussoen no net zu deene Schlussfollgerungen äusseren. Ugangs der Woch sinn d’Haapt-Conclusiounen vum Rapport mat den Deputéierte gedeelt ginn. D’Vertrieder vun der Oppositioun fuerderen een Abléck an dat ganzt Dokument ze kréien.

auto_stories

2 min

picture alliance/dpa | Horst Galuschka | © picture alliance/dpa | Horst Galuschka
MUDAM (Foto: picture alliance/dpa | Horst Galuschka)

D’Conclusiounen, déi d’Berodungsfirma QUALIA iwwer den interne Fonctionnement vum Mudam zitt, confirméieren, datt et Konflikter am Musée ginn. Eng vun den Haaptschlussfolgerunge aus dem Dokument ass, datt d’Gouvernance op allen Niveaue muss fundamental iwwerschafft ginn. Fir d’Djuna Bernard vun déi gréng, wieren d’Conclusiounen opschlossräich. 

"Et geet notamment drëms, dass et eng ganz Rei verschidde Konfliktdimensiounen innerhalb vum MUDAM gëtt. Zum Enge struktureller Natur, d'strateegesch Ausriichtung ass konzeptuell, mee awer och perséinlech Spannungen, schénge virzeleien."

Si seet awer och, datt ee misst een Abléck an dee ganze Rapport kréie fir sech ee genaut Bild ze maachen. 

D’Fuerderung, datt d’Chamber een Abléck an de ganze Rapport kritt, hunn iwwerdeems all d’Oppositiounsparteien. Dozou d’Alexandra Schoos vun der ADR.

"D'Conclusioune passen op all Betrib, wou Problemer sinn. Natierlech géif en detailléierte Rapport vill méi Opschlëss ginn a fir wierklech hanner d'Kulissen ze kucken an ze gesi, wou läit wierklech de Problem."

Onofhängeg dovu misst een dem Verwaltungsrot elo awer och d’Chance ginn, fir déi néideg Changementer un der Gouvernance vum Mudam ëmzesetzen, esou nach d’Alexandra Schoos. 

Gëschter um Mëttwoch hat de President vum MUDAM-Verwaltungsrot Jean-Paul Olinger am 100,7-Interview drop higewisen, datt de Rapport géif weisen, datt et Probleemer op verschiddene Niveaue bannent dem Musée ginn. De Sven Clement vun de Piraten deelt déi Interpretatioun. 

"Sou, wéi ech d'Conclsioune uliesen, ass dat heite schonn eng multidimensional Geschicht gewiescht. Ech hat elo an de Conclusiounen net d’Gefill, datt et just eng eenzel Persoun gewiescht wier, déi hei am Mëttelpunkt gestanen hätt, mee eng Sammlung vu Leit."

Viraussiichtlech soll an der Kommissiounssëtzung vum 21. Mee iwwert d’Conclusioune vum Rapport diskutéiert ginn, fir datt d’Deputéiert hir Froen un den DP-Kulturminister kënne stellen, esou den André Bauler. Ob d’Deputéiert de Rapport ganz ze gesi kréien ass nach net kloer.