D’Bild weist den Nicolas Frantz, zweefachen Tour de France Gewënner (1927 an 1928). Et gouf 1932 vum Joseph Kutter gemoolt. Iwwer 30 Joer lang gouf d’Wierk un de Musée ausgeléint. D'Persoun, där d'Bild gehéiert huet, ass awer elo gestuerwen, an hir Ierwe wëllen d'Bild elo verkafen.
Net déi éischte Crowdfunding-Aktioun
D’Iddi vum Crowdfunding ass net nei. 2016 gouf well ee Bild erfollegräich gecrowdfunded. De Prinzip, d'Leit opzeruffe fir Suen ze spenden, hätt zwee Virdeeler, esou d'Sonia Da Silva, responsabel fir d'Kommunikatioun. Op där enger Säit hëlleft et, de Budget net ze sprengen. Op där anerer Säit kann d'Aktioun d'Leit dobausse sensibiliséieren. Sou kéinten och aner Aktiounen elo méi Opmierksamkeet kréien.
No sechs Woche war well d’Hallschent erreecht. Bis Enn des Joers misst een op d'Somme vun 100.000 Euro kommen, esou d’Sonia Da Silva. Den Tableau ass awer méi wäert wéi déi 100.000 Euro. Aus Respekt virun der Famill gëtt d'Valeur awer net kommunizéiert.
Iwwer 470 Privatleit hu well gespent
Bis elo wier d'Aktioun ee grousse Succès, well iwwer 470 Privatleit hu well Sue gespent. D’Sonia Da Silva schwätzt vun engem “kollektiven Elan”.
Vun 3 Euro bis 5.000 Euro wier alles dobäi. Déi allermeescht leien awer ënner 100 Euro. Eng Spend per Virement konnt steierlech ofgesat ginn, mee och mat Payconiq gouf eng ganz onkomplizéiert Manéier ugebueden, fir Suen ze spenden. Méi wéi 40 Prozent vun den Iwwerweisunge sinn op dës Manéier rakomm.
De Musée hätt elo méi Fräiheet fir mam Bild ëmzegoen, dofir wier ee Musée léiwer Proprietär vum Wierk, esou d’Muriel Prieur, Restauratrice am Musée. Géif een dee Präis, deen d’Bild wäert ass, och am Ausland kréien? Dat kéint gutt sinn, mengt d'Muriel Prieur. De Joseph Kutter hätt och international eng Renommé, esou d'Restauratrice.
Eng eege Campagne
Dem Nicolas Frantz seng Enkelin soll gesot hunn, datt den Nicolas Frantz e puer Mol Modell stoe komm wier. Et war also ee längere Prozess, dat Bild ze molen, och wann d’Pose vum Frantz spontan wierkt. D’Enkelin sot och, den Nicolas Frantz wier net begeeschtert vum Resultat gewierscht.
De Musée hat sech och eng Campagne afale gelooss: d’Gebridder Schleck an d’Christiane Majerus hunn d’Bild nogestallt. D’Campagne gouf vum Musée selwer gemaach, betount d’Muriel Prieur.
Bis Enn des Joers leeft d’Crowdfunding-Campagne nach virun. Wann 100.000 Euro erreecht sinn, hält Campagne awer op, esou d’Sonia Da Silva.