Radioen

On air

Owesconcert  |  20 Joer Mierscher Kulturhaus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aartestierwen ass méi schlëmm wéi bis elo ugeholl

Nei Etüd

D'Aartestierwen ass méi schlëmm wéi bis elo ugeholl

Méi wéi zwou Milliounen Aarte vu Liewewiese weltwäit si vum Ausstierwe bedreet. Dat ass duebel esou vill wéi bis elo gemengt gi war. Dat weist eng nei Etüd, déi gëschter vum däitsche Fuerscher Axel Hochkirch verëffentlecht gouf. Ee Wëssenschaftler, dee fir de Lëtzebuerger Naturmusée schafft.

auto_stories

2 min

© Bigstock / Ivochkina
Ënnersicht goufen all europäesch Wierbeldéiere souwéi Päiperleken a Beien, souwéi verschidde Planzenaarten. (Foto: Bigstock / Ivochkina)

De Professer Axel Hochkirch, dee fir den Naturmusée schafft, huet mat senger Equipe d‘Zuele vun de roude Lëschten nach eemol detailléiert ënnert d‘Lupp geholl a mat aktualiséierten Donnéeën ofgeglach. Den drastesche Constat ass laut dem Axel Hochkirch deen, datt duebel esou vill Aarte vum Ausstierwe bedreet sinn, wéi bis elo ugeholl gouf.

"Der Weltbiodiversitätsrat hat damals angenommen, also 2019, dass 10 Prozent der Insekten gefährdet sind, aber unsere Studie zeigt, dass eigentlich ein Viertel der Insektenarten gefährdet sind. Und deswegen verdoppelt sich in der Kalkulation auf die Gesamtartenzahl weltweit die Anzahl der gefährdeten Arten von eine auf zwei Millionen Arten."

D'Landwirtschaft als ee Grond

Ee Fënneftel vun allen ënnersichten Aarten ass deemno an den nächste Jore vum Ausstierwe bedreet. Ënnersicht goufen all europäesch Wierbeldéiere souwéi Päiperleken a Beien, souwéi verschidde Planzenaarten. 125 Aarten si schonn ausgestuerwen oder op d'mannst regional verschwonnen. Vill Insektenzorten si schonn ausgestuerwen, éier de Mënsch se iwwerhaapt beschriwwen huet.

D‘Ausstierwe geet queesch duerch all Aarte vu Liewewiesen. D‘Ursaache si méi laang scho bekannt a si tauchen och an dëser Etüd nees op:

"Und da zeigt sich, dass die landwirtschaftlichen Faktoren tatsächlich den grössten Einfluss haben. Das heisst, es geht nicht um Landwirtschaft an sich, denn viele Arten brauchen landwirtschaftliche Nutzung, sondern es geht darum, dass sich die Landwirtschaft sehr stark verändert hat. Es ist zum Einen natürlich die Industrialisierung der Landwirtschaft mit grösseren und schnelleren Geräten, grösseren Flächen, einheitlichen Nutzungsformen, Applikationen von Dünger und Pestiziden."

Iwwerfëschung, Zerstéierung vun natierleche Biotopen an awer och de Klimawandel si weider Facteuren, déi Aartestierwe provozéieren.

D'Politik wier gefuerdert

D‘Fuerscher wëlle mat hirer Etüd op de Problem opmierksam maachen, si ginn awer och optimistesch Perspektiv mat op de Wee.

"Wir sehen das ja auch daran, dass sich einige Arten sehr gut erholt haben, nachdem Schutzmaßnahmen eingeleitet wurden, Man muss da nur daran denken an die Wiederausbreitung von Biber, Fischotter oder Schwarzstorch."

Mee net nëmmen déi visibel grouss Wierbeldéiere missten erhale ginn, virun allem och am Insekteräich wieren Efforten noutwendeg. D'Politik wier hei gefuerdert. Net nëmme mat Verspriechen, mee och mat konkretem Handelen.

Lauschterenplay_arrow

Wëssenschaft
Ëmwelt