D’Ammoniak Emissioune léien zu Lëtzebuerg den Ament nach 11% iwwert der aktueller EU-Virgab. Déi missten duerch d’Kooperatioun vun all de Bauerebetriber reduzéiert ginn.
Moossname fir d’Emissiounen ze minimiséieren, wieren zum Beispill, d’Gülle richteg ze stockéieren an ze exploitéieren. Weider kéint ee mat enger geziilter Berodungoch d’Fudder vun den Déieren optimiséieren an deementspriechend den Ammoniak reduzéieren, esou nach de Louis Boonen.
"Eise Message haut ass et un d'Baueren, fir sech Gedanken ze maachen, wou kënne mer usetzen, wat kënne mer maachen an eise Betriber mat de Beroder zesummeschaffen, fir dee Potenzial do ze erfaassen an dat dann ëmzesetzen. An duerfir, hu mer Informatiounsversammlunge geplangt elo deemnächst, fir mam Secteur zesummen ze diskutéieren an och hinnen och e bëssen ze erklären nach wat méiglech ass a wou mer kënne maachen.”
Zil wier et bis 2030 d’Ammoniak-Emissioun em 11% erof zesetzen.