Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CGFP an de Serge Wilmes diskutéieren iwwer de Bewäertungssystem bei der Arméi

Entrevue tëschent Gewerkschaft a Minister

D'CGFP an de Serge Wilmes diskutéieren iwwer de Bewäertungssystem bei der Arméi

Eng éischte Kéier no der grousser Protestmanifestatioun vun der CGFP Enn Abrëll haten d’Vertrieder vun der Staatsbeamtegewerkschaft eng Entrevue mam Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes. Theema haut um Donneschdeg war och de Sträit iwwer de Bewäertungssystem bei der Arméi.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

De Minister Serge Wilmes ass zefridden, elo erëm am Dialog mat der CGFP ze sinn, wéi hien no der Entrevue erkläert huet. Zënter dem Januar hate béid Säiten sech net méi gesinn. Et sollt een trotz Meenungsverschiddenheeten am Dialog bleiwen. 

De Serge Wilmes ass zouversiichtlech

D’CGFP hätt him annoncéiert, datt si un engem Virschlag, fir eng sektoriell Léisung fir d’Arméi géife schaffen, erkläert de Minister. 

"Zouversiichtlech ass een ëmmer, selbstverständlech. Wéi gesot, dat ass elo een neit Element, datt d’CGFP mat enger Propose well komme fir, wéi si gesot hunn, sektoriell der Arméi hir Spezifizitéit och gerecht ze ginn." 

D'Pläng fir Plaintë nach net op Äis geluecht

Dem CGFP-President Romain Wolff no, géif intern bei der Gewerkschaft diskutéiert ginn, wéi ee Virschlag een op den Dësch kéint leeën. Et wier awer grad esou wichteg, d'Bewäertung am Allgemengen unzegoen. D'Staatsbeamtegewerkschaft hätt gefaart, datt Prezedenzfäll geschaaft géife ginn. Dowéinst wéilt een nach eng Kéier schrëftlech un d’Regierung erun trieden, kënnegt de Gewerkschaftspresident un.

"Si sollen eis dann och schrëftlech garantéieren, datt et hei op kenger anerer Plaz, wéi dat elo bei der Arméi ass, zu esou engem Fall ka kommen. Well domat kënne mer net d’Accord sinn."

D’Pläng fir Plaintë wéinst Vertragsbroch beim Verwaltungsgeriicht ze maachen, wieren nach net op Äis geluecht, huet de Romain Wolff preziséiert.

D’CGFP an de Serge Wilmes wëllen sech virum Summer nach eng Kéier treffen. D’Verhandlunge fir den nächste Gehälteraccord sollen am Hierscht ufänken, esou de Minister Serge Wilmes.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft