Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CGFP ass prett bis op d'Geriicht ze goen

Ofschafung vum Bewäertungssystem

D'CGFP ass prett bis op d'Geriicht ze goen

D‘CGFP ass prett, bis op d‘Geriicht ze goen, wann d‘Regierung de Gehälter-Accord mat der Fonction publique net anhält. Et geet méi genee ëm d‘Ofschafung vum Bewäertungssystem an der Fonction publique.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv / Serge Kesseler

An engem Communiqué deelt d‘Staatsbeamtegewerkschaft mat, datt an hirer leschter Sëtzung vum CGFP-Nationalcomité driwwer berode gouf, wéi ee weider am Dossier wëll virgoen. Et géif een op kee Fall noginn.

Den 19. Januar huet d‘CGFP eng Mediatiounsprozedur an d‘Weeër geleet, do wier awer nach keng Decisioun geholl ginn. D‘CGFP schléisst gewerkschaftlech Aktiounen net aus a géif och am Moment préiwe loossen, ob eng Plainte virum Verwaltungsgeriicht wéinst Verstouss géint de Gehälteraccord méiglech wier.