arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Chambre des salariés seet Neen zum Gesetzprojet iwwert d’Sonndesaarbecht

Emploi

|
reading time

1 min

D’Chambre des salariés seet Neen zum Gesetzprojet iwwert d’Sonndesaarbecht

Wéi et an engem Schreiwes vun der Salariatskammer heescht, wier de Gesetzprojet iwwert d’Sonndesaarbecht ouni Respekt vum Sozialdialog a vun de betraffene Salariéen ausgeschafft ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Dee Projet de loi géif de betraffene Salariéen hiren Aarbechtsbedingungen an hirer Pai schueden. Sonndes ze schaffe wier net indispensabel am Eenzelhandel, sou d’CSL, fir déi d’Sonndesaarbecht och am Kader vu Kollektivvertragsverhandlunge soll negociéiert ginn, mat de Gewerkschaften als Garde-fous.