Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Héichwaasserwarnunge fir d‘Land elo opgehuewen

D'Flosspeegele ginn zeréck

D‘Héichwaasserwarnunge fir d‘Land elo opgehuewen

Och op der Musel sinn d‘Peegelen deemno zanter gëschter Samschdeg um Falen.
D‘Situatioun berouegt sech och an eisen Nopeschlänner ëmmer méi.

auto_stories

1 min

D'Situatioun de Samschdeg Moien zu Réimech (Foto: Nathalie Mertesdorf)

Frankräich huet d‘Alerte rouge fir den Département Meurthe-et-Moselle a Moselle op Orange zeréck gestuuft. An och am Saarland an a Rheinland-Pfalz huet d‘Waasser ugefaangen zeréck ze goen. De Raum Saarbrécken a Saarburg war hei besonnesch staark betraff. Dat geneet Ausmooss vum Schued kéint nach net ageschat ginn, huet de Samschdeg eng Spriecherin vum Landkrees Trier-Saarburg erkläert, et wier och nach ze fréi fir Opraumaarbechten.