Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ING hält komplett mat hire Bankservicer fir Privatclienten op

Finanzen

D'ING hält komplett mat hire Bankservicer fir Privatclienten op

D‘Bank ING hält elo ganz mat de Bankservicer fir Privatclienten zu Lëtzebuerg op. Dat huet ING gëschter Owend op hirem Internetsite matgedeelt. D‘Bank wier zur Conclusioun komm, datt et fir si zu Lëtzebuerg keng nohalteg Croissance am sougenannte Retail Banking kéint ginn.

auto_stories

1 min

ING | © picture alliance / PRO SHOTS | Mischa Keemink
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | Mischa Keemink

All déi betraffe Clientë géifen elo iwwer d'Clôture vun hire Konten informéiert ginn. Wéi vill dat der sinn, seet d‘Bank an hirem Schreiwes net. An der Press heescht et, datt ronn 40.000 ING-Clienten zu Lëtzebuerg hir Konte wäerte verléieren.

D‘Bank seet, si hätt extra Mesuren en place gesat fir d‘Clientë bei der Clôture an dem Transfert vun hire Konten ze begleeden. Dorënner eng Verstäerkung vum Personal an den ING-Agencen op der Stater Gare, Stroossen, Esch-Uelzecht an Ettelbréck. Och d’Ekipp vum Contact Center wier verstäerkt ginn.

ING: Hunn Impakt vun der Kommunikatioun ënnerschat

ING hat rezent scho Clienten informéiert, datt hir Konten zougemaach ginn. Dat huet fir vill Opreegung gesuergt a gouf vum Konsumenteschutz ULC kritiséiert. D‘Bank gëtt an hirem Schreiwes zou, datt se den Impakt vun der Kommunikatioun iwwer d‘Clôture vu Konten ënnerschat hätt. A si wier sech bewosst, datt dat Frustratioun bei de Clientë verursaacht hätt.

Wat d’Zukunft ugeet preziséiert d’Bank: D‘Kredit- an Investissementsservicer géife bäibehale ginn. ING wéilt sech an Zukunft op méi grouss Clientë konzentréieren an zu Lëtzebuerg e wichtegen Acteur bleiwen.