Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Päischtweekend 2024 ass och de 47. internationale Muséesdag. Zu Lëtzebuerg bedeelegen sech 37 „Musen-Tempelen“.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Louise Glück ass dout

Kultur

D‘Louise Glück ass dout

Déi amerikanesch Lyrikerin Louise Glück ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. 2020 hat d‘Glück de Literataurnobelpräis kritt, deemools eng Iwwerraschung.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP

Déi schwedesch Akademie hat argumentéiert, si hätt eng onverkennbar poetesch Stëmm, déi opriichteg a kompromësslos wier, eng Stëmm och voll Humor a Schaarfsënnekeet. An Erënnerung bleift si ënner anerem fir de Recueil „The wild Iris“ vun 1992, fir deen si och de Pulitzer Präis gewonnen huet. An hirer 50 Joer laanger Karriär huet d‘Glück awer dosende Recueilen an Essaie publizéiert. An och ee Roman „Marigold and Rose: a fiction“ – dee koum eréischt 2022 eraus.