Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Päischtweekend 2024 ass och de 47. internationale Muséesdag. Zu Lëtzebuerg bedeelegen sech 37 „Musen-Tempelen“.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Margret Steckel krut de Batty Weber Präis iwwerreecht

Literatur

D'Margret Steckel krut de Batty Weber Präis iwwerreecht

D‘Margret Steckel krut gëschter Owend am nationale Literaturzenter zu Miersch de Batty Weber Präis iwwerreecht. Si ass eréischt déi zweet Fra, déi esou geéiert gëtt. Dat no der Anise Koltz, déi de Präis 1996 krut.

auto_stories

2 min

Margret steckel | © Georges Hausemer

D‘Margret Steckel, Joergang 1934, ass an der Géigend vu Rostock gebuer a lieft zanter 1983 zu Lëtzebuerg. Hiert Wierk besteet aus Kuerzgeschichten, Erzielungen a Romanen, déi deels autobiographesch gepräägt waren, an deenen awer och wichteg Amenter vun der europäescher Geschicht opgeschafft ginn.

All dräi Joer kritt ee Lëtzebuerger Schrëftsteller de Batty Weber Präis fir säi Gesamtwierk. De Präis ass mat 10.000 Euro dotéiert. 

D'Motivatioun vum Jury kënnt Dir hei liesen.

D'Sam Tanson, d'Margret Steckel, an d'Nathalie Jacoby, d'Directrice vum Centre national de littérature. | © gouvernement.lu
D'Sam Tanson, d'Margret Steckel, an d'Nathalie Jacoby, d'Directrice vum Centre national de littérature. (Foto: gouvernement.lu)