Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
search

/ D'Police warnt viru Bedruchs-SMSen a Maile vu falsche Liwwerdéngschter

Online-Bedruch

D'Police warnt viru Bedruchs-SMSen a Maile vu falsche Liwwerdéngschter

D‘Police mellt nei Fäll vu Bedruch mat SMSen an E-Mailen, déi Leit vu falsche Liwwerdéngschter geschéckt kréien. D'Police mécht nach emol den Appell, datt een esou SMSen oder Mailen net soll opmaachen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

An deene Message géif behaapt ginn, datt e Pak net konnt geliwwert ginn. Fir datt d‘Liwwerung klappt, gëtt een dann opgeruff, op e Link ze klicken an d‘Detailer vun der Kreditkaart anzeginn.

D‘Police betount: Richteg Liwwerdéngschter géifen ni froen, datt ee perséinlech Daten iwwer e Link agëtt, dee per SMS oder Email verschéckt gouf. Leit, déi sou Messagë kréien, sollten net drop agoen, an d‘Messagen direkt läschen, sou d‘Police.