Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Retour vun Asyldemandeuren: "Si riskéieren alles, fir hei a Lëtzebuerg ze bleiwen"

Asylpolitik

Retour vun Asyldemandeuren: "Si riskéieren alles, fir hei a Lëtzebuerg ze bleiwen"

Bei de Retoure vun Asyldemandeuren, deenen hir Demande refuséiert gouf, ginn et vill Problemer. E Polizist, deen esou Retoure begleet, erzielt vu sengen Erfarungen. Esou si Leit bereet, sech selwer schwéier ze verletzen, fir net an hiert d'Heemechtsland mussen zeréckzegoen.

auto_stories

5 min

headphones

7 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken

“Mir hunn nach ëmmer e Problem mat de Retoure vun Asyldemandeuren, deenen hir Demande refuséiert gouf.”  Dat sot de Finanzminister Gilles Roth ufanks Mäerz beim Depot vum Staatsbudget. Eng Ausso, déi Froen opwerft.

Knapp 300 Persoune goufen zejoert aus Lëtzebuerg ausgewisen. 166 dovu si fräiwëlleg an dat Land zeréckgaangen, aus deem si geflücht sinn. Iwwer een Drëttel gouf forcéiert, Lëtzebuerg ze verloossen. Bei de Retoure ginn et awer dacks Problemer. Bal d‘Hallschent vun de Réckflich ginn ofgebrach.

"Well hei e bessert Liewen ass"

"Si riskéieren alles, fir hei a Lëtzebuerg ze bleiwen, well hei ee bessert Liewen ass.“, seet e Polizist, dee scho vill Retouren duerchgeféiert huet. Hie wëllt anonym bleiwen. Mir nennen hie Pierre.

Hien ass ee vun den Ament 84 Polizisten, déi d’Retoure begleeden. Alldag fir hien.

D’Problemer bei de Retoure sinn, fir de Finanzminister ze zitéieren, "villschichteg“. Ugefaange beim Refus vun der Asyldemanden. 30 Deeg hunn déi concernéiert Leit Zäit sech fir e fräiwëllege Retour ze entscheeden. Duerno gëtt d’Zwangsréckféierung ageleet.

Beamte ginn als Renfort mat

De Pierre erzielt, datt dës bei engem zoustännegen Enquêteur ufänkt, dee vum ONA kontaktéiert gëtt. Dee geet da bei déi concernéiert Persoun an decidéiert doropshin, wéi vill Beamten als Renfort matginn.

"Da gi mir mam Enquêteur an de Centre de Rétention an do maache mir eng normal Fouille vun him, datt hie lo näischt op sech huet, wéi e Briquet oder sou.“

Et géif och virkommen, datt si d’Leit direkt an déi éischt Ulafstell fir Asyldemandeuren, also an d’SHUK, an hir Zelter op de Kierchbierg siche ginn.

Deene Persoune géif net am Viraus Bescheed gesot ginn. Och dem Personal vun der SHUK wier ënnersot, d’Leit ze warnen, erkläert de Pierre.

Vill Betraffe verletze sech selwer schwéier

Souwuel an der SHUK wéi och am Centre de Rétention um Findel wiere sech vill Leit a si souguer bereet, sech selwer schwéier ze verletzen.

"Mir komme schonn un am Centre de rétention, an da seet deen eis: 'Ech hu lo grad eng Gillette ofgeschléckt‘.“

Noutfalls musse si da mat der Persoun an d‘Klinik fuere fir eng Röntgen ze maachen.

Vill vun hire Clienten, wéi de Pierre si nennt, géifen, wa si matkréien, datt si ofgeholl ginn, probéieren, sech selwer ze verletzen, fir an d’Klinik ze kommen, an domat net Lëtzebuerg mussen ze verloossen.

"Mee wat hien net weess, datt puer Wochen duerno egal wéi sou ee Chartervol organiséiert gëtt, an da geet hien egal wéi zeréck. Also mir kréien hien egal wéi a säi Land.“

28 Linneflich fir eng Réckféierung

Lëtzebuerg huet d’lescht Joer esou e Chartervol selwer organiséiert an u sechs deelgeholl, déi vu Frontex duerchgeféiert goufen, esou nach de Ministère an hirer schrëftlecher Äntwert op eis Nofro hin. Et gëtt op Chartervollen zeréckgegraff, wann eng gréisser Grupp u Leit zeréckgeféiert muss ginn, oder et mat engem Linnevol net méiglech ass.

28 Mol ass en normale Linnefluch fir eng Réckféierung genotzt ginn. 16 Kéieren huet et net geklappt. “Aus unterschiedlichen Gründen” heescht et nach weider an der Äntwert vum Ministère.

De Pilot huet dat lescht Wuert

Um Fluchhafe kéint et schonn derzou kommen, datt déi concernéiert Persoun net kann an de Fliger klëmmt. Éier et an de Fliger geet, ginn déi concernéiert Persounen an engem spezielle Raum um Findel festgehalen, erzielt de Pierre weider, wärenddeem den zoustännegen Enquêteur mam Pilot schwätzt.

Als Chef vum Fliger ass hien et, deen decidéiert, wien e mathëlt a wien net.

Am Fliger sinn d‘Hänn an d‘Féiss gefesselt

An och am Fliger wieren d’Leit sech nach, och wann d’Hänn an d’Féiss scho gefesselt sinn.

"Mee vun do un, wou mir dat da matkruten, kréien déi meescht, déi dat wëlle maachen, ee Casque opgedoen, falls hie lo säi Kapp stéisst, datt hie sech dann awer net wéideet, an datt mir dann awer mat em fléie kënnen.“

Ukomm am anere Land - meeschtens a Marokko - kënnt eng Policepatrull vun der Plaz d’Leit sichen. D’Aarbecht vun de lëtzebuergesche Polizisten ass domat gedoen.

"Hir Kräfte sinn um Enn“

Datt vill ofgeleent Asyldemandeure sech selwer schwéier verletzen, fir net mussen d’Land ze verloossen, weess och d’Marion Dubois, Directrice vun der ASBL Passerell.

"Des personnes qui ont perdu beaucoup sur le chemin de l’exil, qui ont quitté leur pays, parce qu’il y a un danger et où l’exil a impacté de manière très conséquente leur santé mentale, et sont exténuées et à bout de force de se battre.“

Principe de Non Refoulement

Passerell, déi sech ëm déi juristesch Berodung vun Asyldemandeure këmmert, erkläert awer, datt an der Genfer Konventioun de Principe de Non Refoulement festgehalen ass.

No deem Prinzip ka kee Mënsch ausgewise ginn, deen d’Gefor leeft, a sengem Heemechtsland schlecht behandelt ze ginn. Onofhängeg vu senger Situatioun.

"Ce n'est pas parce que la personne ne répond pas forcément aux critères de la convention de Genève pour devenir réfugié qu’il y a quand même pas des risques pour la vie pour la personne en cas de retour.“

Nei Regierung setzt op d‘Fuerdere vu fräiwëllege Retouren

2023 hunn déi forcéiert Retouren iwwer eng Millioun Euro kascht. Een Deel dovu gi vun der europäescher Agence Frontex iwwerholl. Fir 2024 si 764.400 Euro am Budget virgesinn. Déi nei Regierung setzt an deem Kontext awer éischter op d’Fuerdere vun de fräiwëllege Retouren, heescht et nach an der Äntwert vum Ministère.

Si hat och am Koalitiounsaccord festgehalen, datt eng Maison de Retour als Alternativ zum Centre de rétention soll entstoen. Domat sollen déi concernéiert Leit dann och besser op e Retour preparéiert ginn. Ongewëss bleift, op domat och d’Selbstverletzungen erofginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft