Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis vum Tubak soll weider klammen

Regierung

De Präis vum Tubak soll weider klammen

D‘Regierung insistéiert weiderhin drop, d‘Steieren op Tubaksproduiten a reegelméissegen Ofstänn ze erhéijen. Méi konkret Iwwerleeungen dozou wieren den Ament am gaangen. Dat äntwert de Finanzminister Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Paulette Lenert a Mars Di Bartolomeo.

auto_stories

1 min

Zigaretten Tubak | © picture alliance
Foto: picture alliance

D'LSAP-Deputéiert wollte wëssen, wat d‘Pläng vun der Regierung sinn, wat d‘Entwécklung vun den Tubakspräisser ugeet. Dat mam Hannergedanken, datt de Präis déi beschte Waff géint den Tubakskonsum ass. Aktuell wier de Präis vun engem Pak Zigaretten zu Lëtzebuerg nämlech vill méi bëlleg wéi an onsen Nopeschlänner.

De Finanzminister huet nach preziséiert, datt ee mat enger Erhéijung vun de Steiere wéi och mat enger Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner géint den illegalen Handel vu grousse Quantitéite vun Tubaksproduite wéilt virgoen. Systematesch Kontrollen un de Grenze wieren awer wéinst de Reegele vum Europäesche Bannemarché net méiglech.