Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Westerman - Confirmation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'SES wëll och an Zukunft iwwer 600 Leit zu Lëtzebuerg beschäftegen

Luc Frieden begréisst d'Acquisitioun

D'SES wëll och an Zukunft iwwer 600 Leit zu Lëtzebuerg beschäftegen

De Sëtz vun der Satellittefirma SES wäert och no der Acquisitioun vun Intelsat ëmmer zu Lëtzebuerg bleiwen. An et wäerten och ëmmer iwwer 600 Persounen hei am Land fir de Grupp schaffen. Dat huet de CEO Adel Al-Saleh op enger Pressekonferenz nach emol betount. Iwwerdeems weist sech de Premier zefridden.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Paule Rodesch play_arrow
Foto: Paule Rodesch

D‘Acquisitioun, déi nach vun den europäeschen an US-Regulateure gréng Luucht muss kréien, huet och Froen opgeworf. Zum Beispill bei der Gewerkschaft OGBL. Si mécht sech Suergen iwwert d‘Zukunft vun de ronn 650 Employéë bei der SES a ronn 60 bei Intelsat zu Lëtzebuerg.

Am Communiqué vum LCGB heescht et:

"L'OGBL s'interroge sur le risque d’éventuelles délocalisations d'autres activités de ce nouveau groupe et sur d'éventuelles réductions de personnel ...“

CEO vun der SES: Et wäert zum Plazenofbau kommen

Den Adel Al-Saleh, CEO vun SES, huet haut als Äntwert dorop fir d‘éischt emol verséchert, datt de Setz zu Lëtzebuerg wäert bleiwen. Mee hie sot och, datt ee sech nei strukturéiere misst.

"Do ginn et ëmmer Iwwerschneidungen. An dofir kéint et zu Plazenofbau kommen."

Wéi vill an a wéi enge Länner kéint hien den Ament awer nach net soen. D‘SES beschäftegt weltwäit eng 2.000 Leit, an Intelsat 1.700. Wat MattarbechterInnen zu Lëtzebuerg ugeet, huet de CEO liicht Entwarnung ginn.

"Ech gesi keen Zenario, wou d‘Zuel vun Employéen zu Lëtzebuerg dramatesch misst reduzéiert ginn. Et gëtt Iwwerschneidungen, sécher, mee et wäert jorelaang bei 600-plus Mataarbechter zu Lëtzebuerg bleiwen."

D‘Zukunft vun de SES wier positiv, an d‘Acquisitioun vun Intelsat géif och den Employéen a sämtleche Länner nei Chancë bidden, sou nach de CEO vun SES. 

De Premier weist sech zefridden

D‘Nouvelle, datt SES Intelsat keeft, gouf vum Premier Luc Frieden begréisst. De Lëtzebuerger Staat ass mat SNCI a Spuerkeess ëmmerhin de gréissten Aktionär, mat 33,33 Prozent.

Der SES hir Acquisitioun vun Intelsat war och Theema um Donneschdemëtten an der Chamber. De Premier Luc Frieden huet do nach emol begréisst, datt d‘SES zu Lëtzebuerg hire Sëtz, hir Employéen an hir Haaptaktivitéite géif behalen. D‘Acquisitioun vun Intelsat géif der SES et och erlaben, hir Servicer am Beräich vun der Defense auszebauen, esou de Luc Frieden.

"Déi zwou Entitéiten, SES an Intelsat, wäerten an der Defense eng wesentlech Roll spillen. Et ass och d‘Intentioun vun der Lëtzebuerger Regierung, fir am Kader vun eisem erweiderten Defensebudget fir 2 Prozent iwwert déi nächst ze erreechen, och méi enk nach mat der SES zesummenzeschaffen."

Och dat géing nei Méiglechkeete fir d‘Entwécklung vun de Satellitten a vun der Defense vum Lëtzebuerger Buedem aus bidden, esou de Premier. Also och mat engem ekonomesche Retour op Lëtzebuerg. An deem Sënn wier dat eng gutt Evolutioun, esou wuel fir Lëtzebuerg, wéi fir Europa, wéi fir d‘NATO, mengt de Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft