Radioen

On air

Mixtape  |  Baden, Trinken, Fasten

play_arrow Live
search

/ D'Uni Lëtzebuerg dediéiert dem Lëtzebuerger Historiker Gilbert Trausch een neie Projet

Iwwer 19.000 Bicher

D'Uni Lëtzebuerg dediéiert dem Lëtzebuerger Historiker Gilbert Trausch een neie Projet

De Gilbert Trausch war e renomméierte Lëtzebuerger Historiker, dee sech ënner anerem vill mat der Entsteeungsgeschicht vum Land beschäftegt huet. Ee Joer no sengem Doud am Juni 2018 hat seng Famill d'Uni Lëtzebuerg kontaktéiert, fir d'Erhale vu senger Bichersammlung an d'Weeër ze leeden. Den Zenter fir Zäit- an Digitalgeschicht vun der Uni Lëtzebuerg huet deem verstuerwenen Historiker elo eng Rei vu Projete ronderëm dës Usammlung u Bicher dediéiert.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

François Klein vun der Uni Lëtzebuerg | © Michelle Barthel play_arrow
François Klein vun der Uni Lëtzebuerg (Foto: Michelle Barthel)

D'Iddi koum ee Joer nom Doud vum Gilbert Trausch, nodeems seng zwee Kanner, de François an d'Véronique Trausch, Kontakt mat der Universitéit gesicht haten. Si wollten déi iwwer 19.000 Bicher a weider dausend Dokumenter net einfach an d’Poubelle geheien, seet den Historiker François Klein am 100,7-Interview, deen um neie Projete ronderëm déi Wierker bedeelegt ass.

Deemools hätt een eng Ekipp vun Historiker zesummegestallt, déi fir d’éischt eng Bestandsopnam vun de Bicher an den Dokumenter am Haus um Lampertsbierg gemaach huet. Ënner deenen Historiker waren de Wolfgang Freund, d’Renée Wagener an den Antoine Lazzari. Geleet gouf dee Grupp vum Michel Margue an dem Andreas Fickers. 

Nodeems den Inventaire opgestallt ginn ass, hätt ee mat der Integratioun vum Gilbert Trausch senger Bibliothéik an de Learning Center vun der Uni Lëtzebuerg weidergemaach, erkläert de François Klein. 

"Dat heescht, déi Bicher mol fir d'éischt zum Deel botzen, decontaminéieren, sortéieren och, Doublonen eraushuelen, a fir déi dann an de Kollektioune vum Learning Center, dat heescht vun der Bibliothéik vun der Uni Lëtzebuerg, accessibel ze maachen."

Eng Schatzkëscht fir Historiker

An der Kollektioun vum Gilbert Trausch wieren och eng Rei vu bemierkbaren Exemplare vun ale Lëtzebuerger Geschichtsbicher aus dem 19. Joerhonnert dobäi gewiescht, esou den Historiker François Klein. Och original Exemplairë vum Reenert, souwéi al Compte-rendue vun den Debatten aus der Chamber goufe vun den Historiker fonnt. De Gilbert Trausch hätt vill vun de Wierker fir seng eege Recherchë benotzt. Seng Aarbecht hat ënner anerem e groussen Afloss dobäi, verschidde Mythen aus der Lëtzebuerger Geschicht ze widderleeën, esou de François Klein. An de 50er a 60er Joren huet hien nei Erkenntnisser iwwer de Klëppelkrich, wéi och iwwer den Entsteeungsmythos vun der Lëtzebuerger Geschicht geliwwert, erënnert de François Klein.

Virtuell Bibliothéik vum Gilbert Trausch

Zu de Projete vun der Uni.lu gehéiert eng virtuell Rekonstruktioun vun der Bibliothéik vum Gilbert Trausch, wéi se deemools a sengem Haus um Lampertsbierg ze fanne war. Heibäi hätt een zesumme mam Department of Engineering vun der Uni Lëtzebuerg Dausende vu Fotoe gemaach. Déi Dokumentatiounsaarbecht wier gemaach ginn, nach éier een d'Bicher sortéiert hätt, erzielt de François Klein. Déi Fotoen hätt een da benotzt fir eng 3D-Rekonstruktioun ze maachen, déi haut um Mëttwochowend am Learning Center presentéiert wäert ginn.

24.000 Säiten un Notize fonnt

E weidere Fond am Haus vum Gilbert Trausch ware seng sougenannten Zauberhefter. Bei dësen handelt et sech ëm méi wéi 100 Hefter, an déi hie seng perséinlech Aarbechtsnotte geschriwwen huet. Eng Usammlung vu Blieder, déi spéider a klenge Classeuren zesummebruecht goufen. Dem François Klein no wieren dat iwwer 24.000 Säiten, déi fir Historiker vun immenser Valeur sinn. Hei géing et dann och e Projet ginn, fir dës Zauberhefter anzescannen an déi Quellen esou fir Recherche-Projeten disponibel ze maachen.

Haut um Mëttwochowend ass dann och e gréisseren Event zu Esch um Belval, fir all déi Projeten ze lancéieren an och virzestellen. Vun 18 Auer u ginn eng Rei Virträg gehalen. Duerno wäert d'Ekipp vum Learning Center d'Bicher och physesch presentéieren. Den Event ass zougänglech fir de Grand Public. 

Text: Kim Winkel

Lauschterenplay_arrow