Radioen

On air

Thé Dansant  |  Alvarez - Sooner Or Later

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Waasserdréier vum Literaturbetrib

Kultur

D'Waasserdréier vum Literaturbetrib

En Auteur hält sech mat Trivialliteratur iwwer Waasser. D'Personnagë vu senger neier Geschicht verflëssege sech. Dem Luc François säin neie Roman "Wasserstand" (Kremart Edition) ass e bësse méi wéi just e Stuerm am Waasserglas.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

“Wasser, um genau zu sein. Es klebte Smith wortwörtlich am Körper. Auf dem Gesicht, aber auch an den Handflächen, Flecken an Brust und Schulter, und sogar an den Ärmeln hingen ein paar Tröpfchen. Ich sah dem Spiel eine Weile zu, bis irgendwann der ganze Mensch nass war, von einem dünnen Wasserfilm überzogen. Wenn er sich bewegte, schwappte dieser Wasserschicht mit, behielt aber ihre Form. Das konnte unmöglich Smiths Schweiβ sein!”


De Luc François gehéiert zur jonker Generatioun vu Lëtzebuerger Auteuren, déi sech besonnesch am Beräich vun der spekulativer Fiktioun, op der Kräizung tëschent Science-Fiction a Fantasy defouléieren. Hirer kreativer Energie loossen si an diverse Genre-spezifesche Publikatiounen am Inn- an Ausland fräie Laf. Déi Lëtzebuerger Online-Plattform “Aner Welten”, zum Beispill, bitt e representativen Echantillon vun där literarescher Tendenz. 


Nodeems Kremart Edition rezent mam Maxime Weber (“Das Gangrän”) engem vun dëse jonke Leit d’Dier zum offizielle Lëtzebuerger Literaturbetrib opgemaach hat, léisst de Verlag elo och de Luc François zum Zuch kommen. Dee bréngt allerdéngs schonn eng zolidd Erfarung als Auteur mat, mat enger hallwer Dose Romaner, déi meeschtens am Eegeverlag erauskomm sinn, an eleng scho vun hiren Titelen hir den Toun uginn: “Der Dämon der Monde”, “Downfall Theatre”, “Vulture City” oder “Ikaria”. Eng zolitt, eng geüübte Schreif ass deemno och ee vun den Andréck, déi säin neie Roman “Wasserstand” beim Lieser hannerloossen.

Wat e Glas Waasser net alles ka bewierken


Op deen éischte Bléck schéngt sech de Luc François – am Verglach mat senge viregte Romaner - dës Kéier op ee méi klassesche Regëster agependelt ze hunn. Säin Haaptprotagonist Klaus Klopp hält sech als Auteur vun Trivialliteratur iwwer Waasser. De Klausi, wéi en och genannt gëtt, huet sech op Krimie spezialiséiert, déi ëmmer erëm d’Clichéë vum Genre recycléieren. Mee vu sengem klengen Editeur geschat ginn: si bréngen tatsächlech Suen eran. De Klausi awer huet es genuch a wëll sech u literaresch méi Usprochsvolles eruwoen.


Den Declic kënnt wärend hie mat vill Méi un enger x-ter “Flic-verfollegt-Raiber”-Variant koschtert a piddelt. Aus dem Bléck op e Glas Waasser entspréngt d’Iddi vum flëssegen Element, déi sech souwuel metaphoresch duerch den Text zitt wéi och wuertwiertlech an der Handlung Form unhëlt: d’Personnagë verflëssegen sech reegelrecht, si vun engem Waassermantel ëmginn, woubäi hire respektive Waasserstand en Indicateur fir hiren emotionalen Zoustand ass. E liichte mee decisiven Decalage géigeniwwer der Realitéit, deen de Lieser an d’Gewässer vun der spekulativer Fiktioun andauche léisst.


Thees, Antithees, Synthees


De Roman alternéiert Kapitelen iwwer dem Klaus Klopp seng Ausenanersetzunge mam Laptop, mat sengen Editeuren a mat Alldagsproblemer, engersäits, anerersäits da mat Kapitelen aus dem Klausi sengem Krimi, sou wéi se no an no entstinn a vum reale Liewe kontaminéiert ginn. 
Dës Porositéit tëschent Realitéit a Fiktioun kritt de Luc François gutt hin. Allerdéngs ass déi Technik vum Meta-Roman mëttlerweil och schonn e Cliché. 

Fir am Beräich vun der Genre-Literatur ze bleiwen, erënnert een sech un dem Donald Westlake säin hilarante Klassiker “Adios Sheherazade” (1970), iwwer en Auteur vu pornographesche Groscheromaner, deen eng literaresch Pann erleit. Als Lieser suivéiert ee mat groussem Pleséier, wéi hien ëmmer erëm nei usetzt ouni wierklech vun der Plaz ze kommen...

Zum Schluss vu sengem Roman “Wasserstand” iwwerrascht de Luc François mat engem Showdown, dee guer net dem klassesche “Gangster-Cop”-Schema entsprécht. Mat senger Opléisung kritt de Roman eng Déift, op déi een nawell laang huet misste waarden. 

Bis een do ukënnt, gëtt den Auteur e selbst-ironeschen Abléck an den holperege Schreifprozess an zeechent de Portrait vum Dreiwen an den ënneschten Divisioune vum Literaturbetrib, wäit ewech vum Medie-Glamour. De Luc François weess wuel vu wat e schwätzt: méi wéi een T-Shirt huet den Heavy Metal-Fan op Buchfoiren a soss Conventions plätschnaass geschweesst!