De Bikergrupp huet eng Rei u verschidde Methoden, fir d’Theema vum Mobbing unzegoen, seet d’Mélanie Weber, Member vun de White Tigers for Kids. Si selwer ass Mamm a kéint sech och gutt an d’Situatioun an d’Gefillslag vun den Eltere era versetzen.
Zu den Aktivitéite vum Bikergrup gehéiert virun allem mol de Kontakt mat den Elteren ze sichen, fir si iwwer Mobbing opzeklären, a si och un Hëllefsstelle weiderzeleeden. Dorënner fale Psychologen an Dokteren, awer och d’Police a Fäll wou de Mobbing ganz extrem Dimensiounen unhëlt.
De Grupp schafft och enk mat Psychologen, wéi och mat de Schoulen am Land zesummen.
Kaméidi maache géint de Mobbing
Meeschtens gëtt de Grupp och vu besuergten Elteren iwwer déi Sozial Netzwierker kontaktéiert, wou si sech dann zesummesetzen, fir datt d’Elteren dem Bikergrupp hire Fall erkläre kënnen.
Beispillsweis kann et dann och virkommen, datt d’Bikeren dat gemobbte Kand mat an d’Schoul begleeden op hire Motorrieder. Hei géif et dorëms goen, d’Kand viru senge Mobber ze schützen. Et géif ee sech awer just ëm dat Kand këmmeren, dat betraff ass, an net d’Mobber konfrontéieren, erkläert d’Mélanie Weber. Och wéilt ee fir méi Opmierksamkeet suergen.
“Mir haten ee Fall, wou mir méi laang matgaange sinn. Do hate mir aner Motorradsclubbe gefrot, well mir eng grouss Communautéit sinn. Do ware mir wierklech sou 25 Motorradsfuerer op der Plaz a mir hu Kaméidi gemeet. Mir sinn opgefall an d'Elteren hunn dunn ugefaangen och e bësse Froen ze stellen. Doropshin huet dat eppes lassgeléist, datt an der Schoul dat Ganzt méi Opmierksamkeet kritt huet.”
D’White Tigers for Kids wiere fir esou Situatiounen awer och virbereet, seet d’Mélanie Weber. D’Memberen hu verschidde Coursen a Formatiounen zu de Sujete mental Gesondheet an Ëmgang mat Kanner a Jugendlechen, déi ënnert Depressioune leiden, absolvéiert.
n der Reegel géife sech d’Situatioune vun den Affer besseren, nodeems de Grupp op der Plaz war, well d’Schoulpersonal méi opmierksam op d’Ëmstänn gemaach géif ginn, an deementspriechend Mesuren aleede géing, fir de Mobbing ze stoppen.
Biker gi Workshops fir Kanner
Et gëtt och Preventiouns- an Opklärungsaarbecht a Form vu Workshops an de Schoule vun de Bikere geleescht. An deene Workshops schaffe si mat Hëllef vu Presentatiounen an interaktiver Participatioun vun de KannerThematike wéi de Cybermobbing op.
D’Resultater géif een dacks scho wärend dem Workshop gesinn, seet d’Mélanie Weber. D’Kanner wieren dacks ganz emotional vun der Aarbecht beréiert an d’Kanner, déi sech an der Roll vum Mobber erëmfonnt hunn, géife sech och dacks bei hiren Affer entschëllegen.
D’Aarbecht vun hirem Bikergrupp wier immens wichteg, well si och déi positiv Resultater géif matkréien, erkläert d’Mélanie Weber. Gläichzäiteg wier et awer och wichteg, sech a Situatioune vu Mobbing bei der Police ze mellen, fir d’Fäll och dokumentéieren ze loossen.