Den exzessive Konsum vun digitale Medien am Alter tëschent 3 a 4 Joer kann ee groussen Impakt op d’Entwécklung vum Kand hunn, seet d’Anouk Hinger. Et wier an deem Alter, wou d’Gehier wichteg Developpementer duerchmécht. Wann d’Kand ze vill Zäit virum Ecran verbréngt, kéint dat schwéier Suitten op seng emotional a kognitiv Entwécklung hunn. D‘Konzentratiounsfäegkeet ka sou och gehemmt oder gestéiert ginn, warnt d’Psychologin vum CNAPA (Centre National de Prévention des Addictions). Gläichzäiteg sinn d’Follge vun engem ze groussen Ecranskonsum awer och vu Kand zu Kand ënnerschiddlech. Et kéint een d’Situatioun dofir net pauschaliséieren.
Den Ecran dierf d’Erzéiung net ersetzen
Et wier dowéinst wichteg, datt d’Elteren - esou gutt et geet – evitéieren, den Ecran als Oflenkung oder Berouegungsmëttel ze benotzen, wann d’Kand an enger Stresssituatioun ass. Den Handy, wéi och den Tablet, géing hautzedaags vill benotzt ginn, fir d’Kanner ze berouegen. Et wier awer genau an deene Momenter, wou d’Kanner eng Ofhängegkeet vun den digitale Medien entwéckele kéinten, fir zukünfteg mat hiren Emotiounen ëmzegoen.
D’Anouk Hinger nennt och 4 Reegelen, déi vun der franséischer Psychologin Sabine Duflo entwéckelt goufen. Deemno solle Kanner weder moies, nach virum schlofe goen op een Ecran Zougrëff hunn. Dës weidere gëllt dat och fir d’Iessenszäiten an allgemeng soll och keen Ecran an der Schlofkummer vum Kand accessibel sinn.
Déi staark Vernetzung an de liichten Zougang op déi digital Medien hu mat sech bruecht, datt et engem ëmmer méi schwéier fält, sech op anere Weeër ze beschäftegen, mengt d’Anouk Hinger. D’Kanner géingen dozou trainéiert ginn, d’Ecrane passiv ze notzen. Hir Kreativitéit géing esou net gefuerdert ginn, wat ongënschteg fir hir Entwécklung ass, seet d’Psychologin vum CNAPA. Och géinge Kanner duerch hiren Internetkonsum Gefor lafen, Saachen ze gesinn, déi si eleng net verschafft kréien. D’Eltere misste sech aktiv dobäisëtzen, fir de Kanner den néidegen Dialog a sou Situatiounen ze bidden.
Den Handyverbuet a Schoulen ass ee gudden éischte Schrëtt
Den Handyverbuet a Schoule géing ee begréissen, seet d’Anouk Hinger. Dee géing eventuell mat sech bréngen, datt d’Elteren zoukënfteg den Drock net verspieren, hire ganz jonke Kanner een Handy oder Tablet ze kafen.
“Déi mannsten Eltere wëllen hirem Kand scho fréi een Handy ginn. Mee firwat maache si et? Well si wëllen evitéieren, dass hir Kanner sozial ausgegrenzt ginn. Si wëllen, dass hir Kanner kënne matschwätzen. An andeem esou eng national Direktiv kënnt, wësse mir, dass et fir jidderee gläich ass, an dat mengen ech hëlt den Eltere warscheinlech och e bëssen Drock ewech.”
E Virbild sinn heescht och selwer den Handy manner benotzen
Nieft der Sensibiliséierungsaarbecht bitt de CNAPA och ee sougenannten Detox-Kalenner un. Dee soll den Elteren hëllefen, Alternativen zum Ecranskonsum vun hire Kanner ze fannen. D’Anouk Hinger wëll den Handy awer net verdäiwelen. Dee kéint och benotzt gi fir beispillsweis online no interessante Lego-Bauuleedungen ze sichen. Wichteg wier et, datt een d’Kanner aktiv an net passiv engagéiert.
Och misst een d’Kanner op den Usage vum Handy virbereeden an opklären. Deen ass mat de Joer zu engem wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft ginn, an et wier net realistesch ze gleewen, datt d’Kanner och zoukënfteg ouni auskomme géifen. Als Erwuessener wier et awer un eis, de Kanner ee Virbild ze sinn an den Handy och manner ze benotzen, betount d’Anouk Hinger.
Text: Kim Winkel