Radioen

On air

Tockcity  |  Dizzee Rascal - Stay In Your Lane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Frank Feitler ass gestuerwen

Fréieren Direkter vun de Stater Theateren

De Frank Feitler ass gestuerwen

Wéi d'Lëtzebuerger Wort gemellt huet, a mir confirméiert kruten, ass de Frank Feitler am Alter vun 73 Joer verstuerwen.

auto_stories

3 min

headphones

41 min

play_arrow
(Foto: Claude Biver)

Hie wier eng Mëschung vu Bauer an Aarbechter, hat de Frank Feitler den 10. Oktober 2021 an eiser Emissioun "Sot emol" gesot. Den Interview gefouert huet deemools de Jean Claude Majerus.

Lauschterenplay_arrow

Eng Mëschung déi dohier koum, dass hien zu Bäerdref opgewuess an dunn op Esch geplënnert ass. Eng Mëschung och déi hie mat de Féiss um Buedem gehalen huet.

2021 krut de Frank Feitler den nationalen Theaterpräis fir säi Liewenswierk – eng Belounung fir seng joerlaang Aarbecht als Regisseur, Dramaturg an Zenarist. 

Dobäi hat dem Frank Feitler säi Wee anescht ugefaangen. Joergang 1950 – hat hien zu Heidelberg Philosophie an däitsch Literatur studéiert. Hien huet dunn an den 70er an 80er Philo am Iechternacher Lycée ginn. Do huet hien och den Theatergrupp geleet a parallel éischt Schrëtt als Dramaturg beim Frank Hoffmann am Kasemattentheater gemaach.

Karriär an Däitschland

Dem Duo Frank Hoffmann – Frank Feitler war 1983 den internationalen Duerchbroch gelonge mam Demetrius-Fragment vum Schiller, eng Produktioun déi dono an de Programm vun de Schillertage zu Mannheim opgeholl gouf. Dat war ongewéinlech fir déi Zäit!

1984 gouf de Frank Feitler dunn Dramaturg um Theater Basel – spéider war hie beim Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg, deemools ënnert dem Intendant Peter Zadek. Hei huet hien och de groussen däitschen Dramatiker Heiner Müller kennegeléiert, mat deem eng Frëndschaft entstanen ass. 

Grouss Succèsen an den 90er

Ufank den 90er koum de Frank Feitler zréck op Lëtzebuerg – a war an der Filmzeen aktiv. Hien huet Dréibicher geschriwwe fir "Schacko Klak", “Three Shake-a-Leg Steps to Heaven", " Black Dju" a “Boys on the Run".

Parallel huet hie weider Theater gemaach – an huet sech fir d’Erhale vun de Lëtzebuerger Volleksstécker agesat. Dat mat der Schauspieltrupp “Fräie Volleksheater Lëtzebuerg”, zesummegesat aus Josiane Peiffer, Fernand Fox, Marc Olinger a Luc Feit. Si hunn Enn den 90er mat groussem Succes eng Partie Lidderowender mat Texter vun August Liesch, Putty Stein a Pir Kremer – ënnert der Regie eebe vum Frank Feitler - op d’Bün bruecht.

E grousse Succes hat de Frank Feitler och 1998 mam Stéck “7 Lëtzebuerger kréien de Karlspräis” – an enger Virlag vum Guy Rewenig.

2001 ass hien Direkter vum Stater Theater ginn

Wéi de Jeannot Comes 2000 stënterlech gestuerwen ass, gouf de Frank Feitler 2001 Direkter vum Stater Theater an huet 2011 d’Direktioun vum Kapuzinertheater mat iwwerholl. Am September 2015 huet hien dunn un den Tom Leick iwwerginn.

A senger Pensioun huet de Frank Feitler ënner anerem um Zenario vum Andy Bausch sengem Film “Rusty Boy” vun 2017 mat geschafft. An eng vu senge leschten Theaterproduktiounen als Co-Auteur an Dramaturg war 2022 d’Stéck “En Escher Jong” iwwert de Lëtzebuerger Acteur René Deltgen, deen ënnert den Nationalsozialiste Karriär an Däitschland gemaach hat.