Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kaf vu Waasserstoff- oder Elektro-Camione soll staatlech ënnerstëtzt ginn

Fir Entreprisen

De Kaf vu Waasserstoff- oder Elektro-Camione soll staatlech ënnerstëtzt ginn

“Mir kënne keng Klimapolitik um Réck vun eiser Kompetitivitéit maachen”: Dat hat de Premier Luc Frieden d’lescht Woch an der Ried zur Lag vun der Natioun ënnerstrach. Dowéinst soll d’Wirtschaft gehollef kréien, dëse Schrack mat ze goen. Een Element dovun ass déi geplangte Reform vun den Ëmwelt- a Klimaschutz-Hëllefe fir d’Entreprisen. De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles huet haut d’Detailer dovu presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: MECO

Wann Entreprisen am Kader vun der ekologescher Transitioun investéieren, da solle se zum Deel méi staark finanziell ënnerstëtzt ginn. Déi geplangte Reform vun den Hëllefen, déi de Minister Lex Delles haut virgestallt huet, hat hie scho viru bal engem Mount an der Chamber deposéiert.

Nei ass, datt och de Kaf vu Waasserstoff-Camionen, oder Elektro-Camione soll staatlech ënnerstëtzt ginn.

Kontrolle virgesinn

Wichteg bei dëser Reform wier och, datt et Kontrolle wäerte ginn, wa staatlech Hëllefen un d’Entreprisë fléissen.

"Et musse Minimalreduktioune bei Investissementsaiden bei de Betriber vun 20 Prozent vun den CO2-Emissioune sinn zum Beispill."

D’Reform gesäit och Investissementshëllefe fir d’Produktioun vu gréngem Waasserstoff vir, grad wéi fir d’Transportnetz fir Waasserstoff. All dës Hëllefe wäerten et awer eréischt ginn, wann d’Chamber de Gesetzprojet bis gestëmmt huet. De Moment gëtt op den Avis vum Staatsrot gewaart.

No 3 Méint automateschen Accord

Bei der Reform, sinn och vereinfacht Prozedure virgesinn, zum Beispill een deelweist Aféiere vum Prinzip “silence vaut accord”.

"Fir Aiden, déi ënner 100.000 Euro sinn, musse mer äntwere bannent dräi Méint. Wa mir dat net maachen, dann ass et een Accord, dee mir op där Aide ginn."

Wann d’Reform vun den Investissementshëllefe fir Entreprisë bis a Kraaft ass, da bedeit dat fir de Staat bis 2028 viraussiichtlech zousätzlech Käschte vu ronn 60 Milliounen Euro.

Lauschterenplay_arrow