Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Songes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden ass neien CSV-Parteipresident

Parteikongress

De Luc Frieden ass neien CSV-Parteipresident

De Premier gouf de Moien um CSV-Nationalkongress zu Hesper mat 96,25 Prozent vun de 400 Delegéiertestëmmen op dee Poste gewielt. De Luc Frieden war den eenzege Kandidat. Et ass déi éischte Kéier, datt bei der CSV ee Regierungschef gläichzäiteg Parteipresident ass.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

D’CSV wier eng Partei, déi eng ganz staark Sozialpolitik géif maachen, et wier déi “eenzeg grouss Vollekspartei”, esou Aussoe vum Luc Frieden a senger Ried virum Vott.

De Luc Friedenplay_arrow

Als nei CSV-Vizepresidente vun der Regierungspartei goufen um Kongress d’Ministerin Martine Hansen mat ronn 96 Prozent an den Escher Buergermeeschter Christian Weis mat ronn 97 Prozent gewielt.

Déi nei Generalsekretäre vun der CSV heesche Françoise Kemp an Alex Donnersbach. Si goufen zesumme mat knapp 95 Prozent gewielt.

Um CSV-Nationalkongress zu Hesper waren ënner anerem och déi geopolitesch Situatioun an d’Europawalen een Theema. D’CSV wënscht sech, datt d’Partei an Zukunft erëm dräi Vertrieder an dat Europäescht Parlament ka schécken, mat iwwer 30 Prozent bei de Walen den 9. Juni, esou d’Zil.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft