arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marc Goergen formuléiert weider Reprochë géint de Sven Clement

Am Kader vun der Malt-App

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Marc Goergen formuléiert weider Reprochë géint de Sven Clement

An der Affär ëm déi ëmstridden MALT-App leeft zanter Juli schonn eng Enquête préliminaire, dat an der Suite vun enger Denonciatioun beim Parquet. Dat huet eis de Geriichtsspriecher confirméiert. Un d‘Budgetskontrollkommissioun goung de Méindeg iwwerdeems e Bréif mat neie Virwërf géint de Sven Clement vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Marc Goergen | © Morgane Weidig
Marc Goergen (Foto: Morgane Weidig)

Ee Sven Clement, deen drop verzicht hat un dëser Kommissioun deelzehuelen an deen op en Neits vum Parteikolleeg Marc Goergen per Bréif belaascht gëtt. D'Kommissioun huet donieft den Audit ënner d'Lupp geholl, deen d'Inspection générale des finances bei KPMG bestallt hat, do goung et drëms erauszefannen, wéi déi ganz Ausschreiwung vun der Sproochen-App fir Flüchtlingen iwwer den Office national de l'acceuil ofgelaf ass, a wéi d'Piratepartei deen Optrag ëmgesat huet. Op béide Säite sollen d'Prozeduren op d'mannst onkloer gewiescht sinn, erkläert den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

"Audit-Pisten déi net kënnen noverfollegt ginn, Piècen déi net do waren, Time-Sheeten déi net konform sinn zu de Kontrakter, Kontrakter déi eréischt après-coup gemaach goufen."

Wéinst deene Probleemer wier d'Cour des comptes mandatéiert ginn, fir ze analyséieren, wéi den ONA deen Dossier traitéiert huet.

Eventuell penal Suitten

Weider schwéier Virwërf formuléiert de Marc Goergen an Direktioun vum Piraten-Deputéierte Sven Clement. déi-Gréng-Deputéiert Sam Tanson geet hei vu penale Suitten aus.

Am Bréif geet ënner anerem rieds vum Fälsche vun Dokumenter, esou datt ee sech decidéiert hätt dëse Bréif iwwer d'Conférence des Présidents un de Parquet virunzeleeden, esou d'Sam Tanson.

Well och nach Froen a Saachen ONA ze kläre sinn, wäert d'Chamberkommissioun och där hir Vetrieder nach eemol invitéieren.

play_arrow Lauschteren