arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De "Monsieur Luxembourg" Josy Arens ass dout

Am Alter vun 72 Joer gestuerwen

|
reading time

1 min

De "Monsieur Luxembourg" Josy Arens ass dout

De belsche Politiker Josy Arens ass dout. Wéi déi belsch Zeitung Sudinfo mellt, ass den emblematesche Buergermeeschter vun Atert an der Province de Luxembourg um Dënschdegmoien am Alter vun 72 Joer gestuerwen.

reading time

1 min

De Josy Arens war bal 3 Joerzéngte laang Buergermeeschter zu Atert an huet sech, ënner anerem, ëmmer rëm agesat fir d‘Frontalieren an der belscher Grenzregioun. Dofir och säi Spëtznumm "Monsieur Luxembourg".

2019 war de Josy Arens Invité an eisem Moies Magazin.

play_arrow Lauschteren