Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pedro Sánchez bleift spuenesche Premier

Spuenien

De Pedro Sánchez bleift spuenesche Premier

Seng Ukënnegung war mat Spannung erwaart ginn. Am spéide Moie koum vum spuenesche Premier Pedro Sánchez dunn d‘Annonce, datt hien am Amt bleift. An de leschten Deeg hat hie mat sou enger Demissioun gedreet.

auto_stories

2 min

© picture alliance / AFP7 | Oscar J. Barroso
Foto: picture alliance / AFP7 | Oscar J. Barroso

De Grond dofir war, datt eng Plainte géint seng Fra deposéiert gouf wéinst Korruptioun an onerlaabter Beaflossung.

Déi politesch ganz riets Organisatioun 'Manos Limpias' (Propper Hänn) hat e Mëttwoch d‘Plainte géint d‘Begoña Gómez deposéiert. Méi spéit hat 'Manos Limpias' dunn deklaréiert, d’Plainte géif op Presseartikele berouen, déi falsch kéinte sinn.

"Campagne, déi de Premier diskreditéiert"

De Pedro Sánchez hat doropshi vun enger Campagne geschwat, mat där seng Fra, an doduerch och hien, sollt diskreditéiert ginn. De Sozialist hat déi riets Parteien dofir responsabel gemaach.

Kuerz no 11 Auer de Moien huet de Premier dunn annoncéiert, un der Spëtzt vun der Regierung ze bleiwen. Zanter e Mëttwoch an der Ukënnegung vun där Plainte géint seng Fra hat de Pedro Sánchez, deen zanter bal 6 Joer un der Muecht ass, kee Wuert méi an der Ëffentlechkeet gesot an all ëffentlech Rendez-vousen ofgesot. Hien hat just matgedeelt, sech 5 Deeg Bedenkzäit ze ginn an e Récktrëtt an Aussiicht gestallt.

Pedro Sánchez wëll lo nach méi staark weidermaachen

Déi Menace huet hien also net wouer gemaach an am Géigendeel gesot, hien hätt decidéiert, wa méiglech mat nach méi Kraaft als Regierungschef weiderzemaachen. Seng Annonce huet hie virum Regierungspalais Moncloa zu Madrid gemaach. Zu senger Decisioun, déi hien zesumme mat senger Fra geholl hätt, hätt och bäigedroen, datt Supportere vun him hir Solidaritéit zum Ausdrock bruecht hätten.

Zu Madrid an an anere spuenesche Stied waren nämlech Sánchez-Sympathisanten de Weekend iwwer op d’Strooss gaangen. Haut huet de Premier dann och dozou opgeruff, géint d'"Supp" an der Politik ze kämpfen. Riets a rietsextrem Politiker géife probéieren, dora Politik ze maachen.

Aktualitéit
International