Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Verdeedegungspolitik brauch d’EU?

Debat

Wéi eng Verdeedegungspolitik brauch d’EU?

Manner Suen an d‘Militär investéieren oder awer eng militäresch Kooperatioun an der EU ustriewen? D‘Verdeedegung vun der EU ass ee wichtege Sujet an dësen Europawalen. D‘Meenungen doriwwer ginn tëscht de Parteie Fokus, déi Lénk, DP a Mir d‘Vollek wäit auserneen.

auto_stories

2 min

headphones

25 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

An der Table ronde waren: Frank Engel (Fokus), Amela Skenderović (DP), d‘Tania Mousel (déi Lénk) a Peter Freitag (Mir d‘Vollek)

De Frank Engel vun der Partei Fokus ka sech gutt virstellen, datt d’EU iergendwann eng gemeinsam europäesch Arméi kritt. Am Moment géif déi Fro sech awer guer net stellen. Éier een iwwer eng gemeinsam Arméi kéint nodenken, misst fir t’éischt emol déi militäresch Zesummenaarbecht tëscht den eenzelen EU-Memberlänner verbessert ginn.

Dozou géif den néidege budgetäre Spillraum gehéieren an eng Vernetzung vun den Arméien ënnereneen. Dat wier deen Ament och eng Fro vu politeschem Wëllen, betount de Fokus-Spëtzekandidat.

Déi Lénk: EU ka sech och mat manner Sue fir d'Militär adequat verdeedegen

Iwwerdeems sinn déi Lénk dogéint datt an de nächste Jore méi an d’Arméi investéiert gëtt. D’Welt géif méi onsécher ginn, wann änlech wéi am kale Krich nees vun alle Säiten Opgerëscht gëtt, esou d’Tania Mousel.

D’Europawal-Kandidatin vun Déi Lénk ass iwwerzeegt, datt et guer net néideg ass méi Suen an d’Militär ze stieche fir datt Europa sech adequat ka verdeedegen.

"Vill vun deene Saachen, déi mir elo do kafen, an och schonn iwwer d’Jore kaaft hunn, wann déi net gebraucht ginn, da si se och iergendwann näischt méi wäert.

Dann hätt ee Millioune fir näischt ausginn. Et kéint een och mat manner Suen effikass verdeedegen. Als Lëtzebuerg géif een och net eleng dostoen.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft