Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Creator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Gréng fuerderen nieft dem gréngen, elo och de sozialen Deal

Um Parteikongress

Déi Gréng fuerderen nieft dem gréngen, elo och de sozialen Deal

Tilly Metz, Fabrizio Costa, François Bausch, Djuna Bernard, Chantal Gary a Patrick Hurst: Sou heeschen déi sechs Kandidate vun déi Gréng fir d‘Europawalen. Um Kongress de Samschdeg Moien zu Moutfort huet déi gréng Basis iwwer d‘Kandidaten an och iwwer de Walprogramm ofgestëmmt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Déi Gréng

Et géif een op eng Mëschung aus Dynamik an Erfarung setzen, huet et de Moien um Kongress geheescht. Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidate géif bei knapps 44 Joer leien.

Haapttheme fir déi Gréng sinn Demokratie, Klimakris, Migratioun, Energie, Nohaltegkeet, Mënscherechter, sozial Gerechtegkeet a Fridden.

Fir d'Tilly Metz missten dobäi awer och déi Leit matgeholl ginn, déi sech déi Transitioun net kënne leeschten.

D'Tilly Metzplay_arrow

Déi Gréng wëlle weider fir hir Grondprinzippie kämpfen

Dat deckt sech mam Walprogramm: An enger Zäit an där fundamental demokratesch Prinzippien a Fro gestallt wieren, wier e staarkt Europa méi gefrot wéi soss. E staarkt Europa an deem déi Gréng eng staark Stëmm wëlle bleiwen, sou d‘Partei-Co-Presidentin Djuna Bernard. Déi Europäesch Unioun misst e Bollwierk fir d‘Demokratie, Fridden a Mënscherechter bleiwen.

Net zulescht de Claude Turmes hätt am Dossier Energie gewisen, wéi een och als klengt Land seng Spueren zu Stroossbuerg kéint hannerloossen, sou déi gréng Spëtzekandidatin Tilly Metz. Grad elo wou konservativ Parteie géifen ufänken all Prinzippie vu Klimaschutz an Nohaltegkeet iwwer Bord ze werfen, wieren déi Gréng gefrot.

Ekologesch Transitioun sozial begleeden

Als Beispill goufen de Moien um Kongress vun déi Gréng déi rezent Decisioune vun der Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen a Saachen Ëmwelt a Landwirtschaft genannt. Domat net genuch, d‘EVP géif souguer mat der Iddi spillen, Flüchtlingen an Drëttstaaten ze schécke fir se net an d‘EU eranzeloossen. Dobäi wier Migratioun a Schutz vu Flüchtlingen eppes, wat zu de Grondwäerter vun der EU géif gehéieren, sou nach d‘Spëtzekandidatin Tilly Metz.

Déi Gréng géifen och fir déi ekologesch Transitioun am Kader vum Green Deal stoen, mee nieft dem Green Deal misst ee sozialen Deal kommen, fir datt all d‘Leit matgeholl ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft