Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Schwäizer Friddenskonferenz fir d'Ukrain ass de 15. a 16. Juni

Krich an der Ukrain

Déi Schwäizer Friddenskonferenz fir d'Ukrain ass de 15. a 16. Juni

D‘Konferenz, déi d‘Schwäiz zum Theema „Fridden an der Ukrain“ organiséiert, soll de 15. a 16. Juni an engem Luxushotel an der Zentralschwäiz stattfannen. Dat huet d‘Schwäizer Regierung elo bekannt ginn. D‘Viraussetzungen, datt dës Konferenz ee Friddensprozess ustéisst, wieren erfëllt.

auto_stories

1 min

Friddensdauf Symbol | © picture alliance/dpa | Daniel Vogl
Foto: picture alliance/dpa | Daniel Vogl

An engem éischte Schrëtt soll et drëms goen, ënnert de Staaten, déi un der Konferenz deelhuelen, ee gemeinsaamt Verständnis iwwert d‘Méiglechkeete fir een ëmfaassenden, gerechten an dauerhafte Fridden an der Ukrain z‘entwéckelen, heescht et weider vun der Schwäizer Regierung. Russland huet iwwerdeems schonn ugekënnegt, net un dëser Konferenz deelzehuelen.