Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi palestinensesch Regierung trëtt zréck

Noen Osten

Déi palestinensesch Regierung trëtt zréck

Déi palestinensesch Regierung trëtt zréck. De Premier Mohammad Schtajjeh huet de Moien dem President Mahmud Abbas d‘Demissioun agereecht. De Grond dofir wieren déi rezent Entwécklungen am Westjordanland an de Gazakrich.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dts-Agentur | -
Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Dohannert stéing d‘Bestriewe vu Washington an dem Westen, eng reforméiert Palestinenser-Autoritéit op d‘Been ze stellen, wann een onofhängege Palestinenserstaat sollt Realitéit ginn.

Bis elo huet d‘Palestinenserautoritéit ënnert dem President Abbas am besate Westjordanland regéiert, d‘Gazasträif gëtt vun der Hamas kontrolléiert.

Zanter dem Ufank vum Gazakrich, de 7. Oktober, gëtt de Mahmud Abbas vu ville Säite kritiséiert, well hien ze passiv wier am Krich a géintiwwer Israel.

De Récktrëtt vun der palestinensescher Regierung wier elo mol e symbolesche Schrëtt, sou d‘Observateuren. De Mohammad Schtajjeh wier e loyale Mataarbechter vum Mahmud Abbas an hie soll och weiderhi Chef vun enger Iwwergangsregierung sinn.

Fir eng nei Regierung, vum nationale Konsens op d‘Been ze kréien, kéint Wochen a Méint daueren.