Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Institut National des Langues feiert 15 Joer

Educatioun

Den Institut National des Langues feiert 15 Joer

Den INL – den Institut National des Langues huet gëschter säi 15. Gebuertsdag gefeiert - an dobäi eng Partie Chiffere publizéiert. Iwwer 16.700 Leit hu sech am Schouljoer 2023/24 ageschriwwen. Duebel Esou vill wéi am éischte Schouljoer 2008/2009.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Aktuell enseignéieren 163 Leit an där Schoul, géintiwwer 92 am éischte Joer. Den INL huet dëst Joer knapp iwwer 1.000 Klassen, am Verglach mat 360 am Gebuertsjoer. Aktuell ginn 9 Sproochen do enseignéiert: Däitsch, Franséisch, Englesch, Spuenesch, Italieenesch, Portugisesch, Hollännesch, Chineesesch an natierlech och Lëtzebuergesch.