Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Musiker a Komponist Tony Schuster ass dout

Am Alter vu 87 Joer

De Musiker a Komponist Tony Schuster ass dout

Den Tony Schuster ass dout. De Museker a Komponist ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen, wéi een haut am Wort liest. Dem Tony Schuster seng bekanntste Kompositioun ass d’Musek fir dat Lëtzebuerger Kannerlidd “Et wor emol en Hieschen” - hien hat hei e Gedicht vum Marcel Reuland vertount.

auto_stories

1 min

Tony Schuster a Pierre Puth | © Dany Weyler
Den Tony Schuster (sëtzend) zesumme mam Pierre Puth (stoend). (Foto: Archiv)

Den Tony Schuster war 1936 zu München gebuer - hien huet zanter 1964 zu Lëtzebuerg gelieft.

De Verstuerwenen huet a villen internationale Bands gespillt, war Gaschtrompettist beim Max Greger an och James Last. 1965 hat hien d’Luxembourg Singers gegrënnt - mat deenen hien zéng Joer duerch Lëtzebuerg an och duerch Europa getourt ass. Zanter de 70er Joer huet den Tony Schuster kabarettistesch Texter vertount, fir de Kasemattentheater an och déi “Lëtzebuerger Revue”.

Den Tony Schuster huet bis 1997 Coursen am Piano an der Trompett am Escher Conservatoire ginn. 


2006 war den Tony Schuster an eiser Emissioun "Op Besuch". Lauschtert déi ganz Emissioun hei: 

"Op Besuch" beim Tony Schuster (2006)play_arrow