Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den amerikanesche Moler Frank Stella ass dout

Am Alter vu 87 Joer

Den amerikanesche Moler Frank Stella ass dout

De Frank Stella ass dout. Den amerikanesche Moler ass am Alter vu 87 Joer verscheet. Hien zielt zu de bedeitendste Moler vu senger Generatioun.

auto_stories

1 min

Frank Stella | © picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Enn de 1950er Joren – zum Ufank vu senger Karriär - hat hien d’Konschtwelt mat enger Serie vu komplett schwaarze Biller geschockt. Dono komme Serien am Sëlwer an a Kofferfaarf no.

An de 60er Jore gouf et méi faarweg. Schlussendlech huet de Frank Stella och Acrylfaarf agesat. Seng Wierker waren awer ëmmer duerch e Spill mat geometresche Forme markéiert.

A spéidere Joren huet de Stella Relieffen an deels monumental Skulpturen erschaf. Seng Wierker goufe weltwäit gewisen.