Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Faux Real - Love On The Ground

play_arrow Live
search

/ "Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonken"

Webinaire

"Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonken"

Participatioun ass ee vun de véier grondleeënde Prinzippie vun de Kannerrechter. Fir de Courage ze hunn seng Meenung ze äusseren, ass et wichteg datt Kanner a Jonker wëssen, datt si d’Recht hunn, fir gehéiert an eescht geholl ze ginn.

auto_stories

2 min

Visuel: Script

Andeems een hinne Participatioun bäibréngt, léiere si hir Usiicht ze argumentéieren a sech esou an enger Gesellschaft, op hirer Aarbecht, an der Fräizäit an an hirem Privatliewen anzebréngen. Just duerch Participatioun léiert een, datt een eppes ka bewierken. Dës Eegewierksamkeet ass wichteg fir eng Demokratie, déi all Bierger wëll mathuelen.

 

Participéiere kann een deemno net nëmme wann ee volljäreg oder politesch aktiv ass.

Schonn an der Maison Relais kann ee Kanner weisen, wat et heescht, sech an eng Decisioun anzebréngen, sech ze engagéieren, a selwer dozou bäizedroen, datt eppes, wat geplangt gëtt, och e bëssen sou gëtt, wéi ee sech dat virstellt.

Participatioun motivéiert fir sech ze engagéieren.

Fir datt ee gutt ka participéiere muss een üben: sech virbereeden, léiere mat Géigenargumenter eens ginn, ofweien, iwwerzeegend sinn, e Konsens fannen.

An dësem Webinaire kucke mer wéi Participatioun an der formaler an an der informeller Bildung zu Lëtzebuerg, souwuel an der Grondschoul wéi am Lycée, awer och baussent der Schoul ka gefërdert ginn. Wat sinn Hürden? Wee muss alles agebonne ginn? Wat kréien ech zeréck, wann ech vu mengem Recht op Participatioun Gebrauch maachen? An zu wat engagéieren ech mech? Kann ech engem anere Participatioun bäibréngen? Andeems ech se virliewen?

Oder an der Schoulgemeinschaft e Parlament opbauen?

Iwwer d’Wichtegkeet vu Participatioun fir jidderee schwätzen an dësem Webinaire:

  • de Marc Birchen, Geschichtsprofesser an nationale Coordinateur vun den Debate Clubs (SCRIPT)
  • d’Jana Degrott, Social Entrepreneur, Grënnerin vu WeBelong, fërdert jonk Politikinteresséiert Leit
  • de Sam Elsey, Schüler am Lycée Aline Mayrisch, President vum Schülercomité, President vum Jugendparlament
  • d’Vanessa Reinsch, Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)

Donieft héiere mir wieder Aussoe vu Mënschen, déi sech schoulesch oder ausserschoulesch mat der Participatioun befaassen.