Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Fleet Foxes - Grown Ocean

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Digitaliséierung a KI am ëffentlechen Déngscht

Chamber

Digitaliséierung a KI am ëffentlechen Déngscht

An der Chamber goung et um Mëttwoch ëm d’Erausfuerderungen am Zesummenhang mat der Digitaliséierung an der Integratioun vun der Kënschtlecher Intelligenz an den ëffentlechen Déngscht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr play_arrow
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Um Programm stoung eng Interpellatioun dozou vum LSAP-Deputéierte Ben Polidori. Hien huet vum Virbild Estland geschwat, wou een alles digital maache kéint. Eng lëtzebuergesch Strategie an deem Beräich géif awer op sech waarde loossen.

Ben Polidori vermësst kloer Strategie

Et hätt ee scho méi wéi eng Kéier vun der Regierung héieren, datt de Grand-Duché Virreider wéilt ginn, a Saachen Digitaliséierung a KI. Gesinn hätt een awer net vill, esou de Ben Polidori.

“Wann een op guichet.lu eng Online-Demarche ausfëllt, dann als Äntwert vum Staat dann awer erëm en Dokument op Pabeier heemgeschéckt kritt, da fillt et sech wierklech net sou un, wéi wann ee kuerz virdru stéing, zu enger Smart nation, also enger innovativer an digital vernetzter Gesellschaft ze ginn.”

Dem LSAP-Deputéierte Ben Polidori no, wier ee Ministère mat verstäerkte Kompetenzen néideg, nieft enger klorer a kohärenter Strategie, woubäi och d’Cybersécherheet ze betruechte wier.

D’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos huet d’Digitaliséierung an d’Kënschtlech Intelligenz am ëffentlechen Déngscht begréisst, soulaang sensibel Donnéeë geschützt sinn.

De Marc Goergen vun der Piratepartei huet gemengt, rezent Dateleake wieren net dat, wat ee sech ënner “digital Luxembourg” géif virstellen.

Dem David Wagner vun déi Lénk no, géifen Digitaliséierung a KI vum Kapital gesteiert ginn. An Holland hätt et e Skandal ginn.

“Tëscht 2013 an 2019 huet eng Kënschtlech Intelligenz Famillje mat auslännescher Nationalitéit systematesch als Frauden agestuuft. Dono ass dat zu engem grousse Skandal komm, an de Rutte huet missten demissionéieren.”

Reaktioune vun den zoustännege Ministeren

D’Ministerin fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin (DP) huet an der Chamber betount, datt eng Administratioun, déi zu 100 Prozent digital fonctionéiert, d’Zil wier. Et géif doru geschafft ginn.

De Minister fir d’Fonction Publique Serge Wilmes (CSV) huet um Krautmaart erkläert, datt d’Personal beim Staat beim Staat sech iwwer Formatiounen an iwwer een Austausch mam Ausland weiderbilde géif.

Lauschterenplay_arrow