Radioen

On air

Vue sur mer  |  Adi Oasis feat. Leven Kali - Naked

play_arrow Live
search

/ Nom Refus vu Richtung22 d'Gebai ze verloossen: Direkter vu frEsch kënnegt juristesch Schrëtt un

Richtung22 am Bâtiment 4 zu Esch

Nom Refus vu Richtung22 d'Gebai ze verloossen: Direkter vu frEsch kënnegt juristesch Schrëtt un

Den Escher Kulturveräi frEsch wäert um Freideg eng Requête beim zoustännege Riichter areechen, fir datt de Kënschtlerkollektiv Richtung22 de Bâtiment4 zu Esch verléisst.

auto_stories

2 min

Bâtiment 4 | © Instagram Richtung22
Bâtiment 4 (Foto: Instagram Richtung22)

Dëse juritesche Schrack huet den Direkter vu frResch Loïc Clairet op Nofro hinn ugekënnegt.

Ee Mëttwoch, den 30. Abrëll, hätt Richtung22 d’Gebai zu Esch eigentlech misste verloossen. 

Richtung22 refuséiert Bâtiment4 ze verloossen

De Kënschtlerkollektiv hat deen Dag matgedeelt, et hätt een nach keng Alternativ fonnt, an et wier ee prett esou laang am Bâtiment4 zu Esch ze bleiwen, bis et eng juristesch Decisioun géif ginn.

Den Direkter vu frResch Loïc Clairet seet, hie wéisst net, wéi laang et wäert daueren, bis Richtung22 juristesch gezwonge wier, d’Gebai ze verloossen. Wa Richtung22 sech an den nächsten zwou bis dräi Woche géif mellen, wier ee bereet ze verhandelen, esou den Direkter vu frEsch.

“Notre position, elle est là. Donc maintenant, j'ai envie de dire, c'est à eux de montrer leur bonne volonté et qu'ils ont un souhait de trouver une solution qui est convenable pour nous. Aujourd'hui, nous on repartira pas en arrière, mais ce n'est pas à moi, j'ai de toute façon aucune possibilité en tant que directeur de frEesch, de leur proposer un autre lieu, puisque nous, le seul lieu dont on dispose pour faire des ateliers, c'est le bâtiment4. Donc, je n'ai pas de solution autre à leur proposer que trouvons une date de sortie très convenable et dans les plus brefs délais.”

Ufank Abrëll hat frEsch dem Kollektiv Richtung22 de Vertrag gekënnegt, ënnert anerem wéinst dem Virworf d’Gebai wier net uerdentlech a Stand gehale ginn.